Am Kader vun den Online-Qualifikatiounen, ass Lëtzebuerg a sengem Grupp eng Ronn weider komm an ass elo am Pool vun de 16 beschten Ekippen.

E Sonndeg trëfft Lëtzebuerg dann an der Finall op d'Schwäiz, wou et eben am Knock-out System weider geet an de Gewënner an den nächste Bracket kënnt. D'Gewënner hei quailifiéieren sech dann och fir d'Play-offs.

D'Matcher gi live hei iwwerdroen a kënne sech och d'Matcher vum Weekend nach eemol ukucken, dat a Kooperatioun mat Orange Luxembourg! Weider Informatiounen iwwert den Deroulement fann der um offizielle Site vun der FIFA.

Am Grupp C, an deem och Lëtzebuerg ass, hu sech mam Grand-Duché op der 4. Plaz och Malta Griichenland a Schottland konnte fir d'Finall qualifizéiert, wou et wéi gesot e Sonndeg drëms geet, sech fir d'Play-offs ze qualifizéieren.

RTL