De 4. Spilldag vun der Orange eLeague
Swift Hesper bleift de Leader an der Tabell
Orange eLeague 2023
De 4. Spilldag vun der Saison an der Team Edition
De Swift Hesper ass nom 4. Spilldag vun der Orange eLeague weiderhin Tabellenéischten ouni een eenzege Punkt ofginn ze hunn.
De Progrès Nidderkuer ass déi eenzeg Ekipp, déi den Uschloss zum Swift hale kann, wärend d’Plazen 3 bis 6 onverännert bleiwen. D’Union Réimech-Bous konnte sech am Stream live géint d’UN Käerjeng an hiren 3 Matcher duerchsetzen an hunn och am Topmatch géint Marisca Miersch 7 Punkte kënnen huelen.
De Match Union Réimech-Bous géint UN Käerjeng 97, wéi och all déi aner Spilldeeg, kënnt Dir op RTL Play a Rou nach eemol kucken.
De Bléck no ënnen an d’Tabell verréit dass d’UN Käerjeng a Vinesca Ehnen den Uschloss zu den Ekippen virun hinne verluer hunn.

Hei de komplette Gesamtklassement

Am meeschte gelies