De 5. Spilldag vun der Saison live bei eis
Um 5. Spilldag vun der Orange eLeague 2023 weise mir zwou Partien dëse Mëttwoch live am Stream.
Nieft dem Match vun Ëlwen géint d’US Hueschtert, wäerten d’Blécker sech virun allem op den Topmatch tëschent dem Tabellenzweeten an –drëtten, dem Progrès Nidderkuer an Alisontia Steesel, riichten. Fir den Uschloss un de souveränen Tabelleleader Swift Hesper ze halen, heescht et fir de Progrès all d’Matcher ze gewannen.
Dës Matcher gi live am Stream op RTL an Twitch iwwerdroen.
Am Tabellekeller treffen dëse Spilldag de Leschte géint den Zweetleschten openeen, mam Match Vinesca Ehnen géint d’UN Käerjeng 97. Am Mëttelfeld vun der Tabell wäerten d’Matcher F91 Diddeleng (8.) géint Luxembourg City (6.) an CS Fola Esch (7.) géint Marisca Miersch (9.) ausgedroe ginn.
Hei de 5. Spilldag am Iwwerbléck:

