E Samschdeg war Lunex bei der FLF op Besuch, dat fir virun allem d'Reaktiounszäit bei Videospiller, déi am E-Sport jo extrem wichteg ass, ze verbesseren.

Bei dëser Session huet et sech ëm e Game Performance Management gehandelt, deen sech virun allem op eng méi séier Reaktioun am Gaming konzentréiert huet.
Hei goufe Sujeten wéi d'Wichtegkeet vu séiere Reaktiounen a Spiller, den Impakt vun enger besserer Reaktiounszäit an déi verschidden Aart a Weisen, fir seng Reaktiounszäit ze verbesseren, behandelt.

Et ass generell bekannt, dass eng méi séier Reaktiounszäit e Spiller besser maache kann, dat well hie méi séier Decisiounen huele kann an och generell méi reaktiv op verschidde Situatiounen reagéiere kann. Vir dës ze verbesseren, kënnen a mussen d'Spiller reegelméisseg trainéieren, fir och eng signifikativ Verbesserung ze kréien.