Mat 3 gewonnene Matcher konnt de Progrès de Match kloer vir sech entscheeden. Duerch dës Néierlag ass d’Alisontia op déi 4. Plaz ofgerëtscht.

D’Union Remich-Bous steet no 27 gespillte Matcher elo op der drëtter Plaz.

Am Kellerduell tëschent Vinesca Ehnen (11.) an UN Kaerjeng 97 (12.) konnten déi Miseler zwee Matcher gewannen an hunn ee verluer. Opgrond vum direkte Vergläich zitt d’Vinesca laanscht Käerjeng an der Tabell a si soumat net méi op der leschter Plaz.

D’Fola Esch (6.) konnt och eng Plaz an der Tabell gutt maachen, nodeems Luxembourg City (7.) an engem vun den dräi Matcher géint den F91 Dudelange (8.) Punkte gelooss huet.

Uewen an der Tabell steet nach ëmmer Swift Hesper, déi alleguerten déi 27 Matcher bis elo gewonne konnten. De Stream vun dësem an awer och de vergaangene Matchddeg fannt dir natierlech wéi gewinnt op RTL Play.

RTL

Hei de komplette Gesamtklassement

RTL