Och no den zwou éischten Néierlagen am Topmatch géint de Progrès Nidderkuer ass et duergaangen fir déi éischt Plaz ze verdeedegen.

Mat insgesamt 93 Punkten aus 33 Matcher, hunn de Louislux an den Lxbfifa um Enn ee Punkt méi gesammelt, wéi den Ivanilson an den xFabinhoo_. Um leschte Spilldag koum et zum Duell fir déi éischte Plaz, wou den Ivanilson d’Iwwerhand behalen hat géint den Lxbfifa (5-1 an 0-3).  Am 2v2 war et 2-2 am Allersmatch an 3-2 fir Nidderkuer am Retourmatch ausgaangen.

Am entscheedende Match huet de Louislux awer géint den xFabinhoo_ gewonnen (3-1 an 2-1) an huet Hesper déi éischt Plaz geséchert.

Am zweeten Topmatch ass d’Union Réimech-Bous (3.) op d’Alisontia Steesel (4.) getraff.

Steesel hat et spannend gemaach andeems de Saro géint de Mamelmu souverän (4-0 an 7-0) gewonnen hat an och den 2v2 héich (6-1 an 4-1) fir sech entscheet hunn.

RTL

Dunn huet den rainbow6david9 sech awer géint den iaminnocent mat 2-1 an 4-2 duerchgesat a Réimech konnt déi drëtte Plaz mat 72 Punkten verdeedegen.

Steesel hat ob dësem Spilldag och een Match géint Fola Esch verluer, mee well d’US Hueschtert ënner anerem hir 3 Matcher géint Nidderkuer verluer hat, huet Steesel sech déi lescht Plaz am Playoff geséchert mat 69 Punkten.

Orange eLeague
D'Highlights vum 6. Spilldag vun der Saison.

Domadder spillen also Swift Hesper géint Alisontia Steesel an Progrès Nidderkuer géint Union Réimech-Bous dëse Samschden am Playoff géinteneen.

Hei gëtt just nach am 2v2 Modus mat Aller- a Retourmatcher gespillt. Déi zwee Gewënner spillen d’Final an déi zwee Verléierer fir d’3. Plaz.

Dat ganzt gëtt zu Monnerech am Airdome vun der FLF organiséiert, wou och oppen fir de Public ass. Mellt iech hei un fir kucken ze kommen.

RTL