Déi 4 Finaliste bei den Eenzelspiller sti fest

No der Qualifikatioun, déi en Dënschden an e Mëttwoch war, sinn elo déi 4 Finalisten, déi den 10. Juni 2023 ëm den Titel spillen, bekannt.
Souwuel an der méi niddreger Halleffinall, wéi och an der méi héijer Halleffinall kënnt et zu veräinsinternen Dueller. D’Gewënner vun der Teams-Editioun, den LxbFIFAan an de LouisLux8 hunn iwwerraschenderweis all Kéiers ee Match um Wee an d’Halleffinalle verluer, a sech stinn elo an der "lower semifinal" géigeniwwer.
Déi zwee Nidderkuerer, den Ivanilson an xfabinhoo_ hunn d’Qualifikatioun ouni Néierlag iwwerstanen a spillen an der "Upperfinal" géinteneen ëm eng Plaz an der Grand Final.
All d’Informatioune vum éischte Qualidag fannt Dir hei!Hei fannt Dir den Iwwerbléck vum Turnéierbaam.