E Samschdeg de Mëtteg ass d'Finall bei den Individuals
No der Qualifikatioun vun den Individuals, déi den Dënschden an de Mëttwoch waren, kenne mir elo eis 4 Finalisten, déi e Samschdeg ëm den Titel spillen.
Souwuel an der lower semi final, wéi och an der upper final kënnt et zu veräinsinternen Dueller. D’Gewënner vun der Teams Edition, den "LxbFIFA" an de "LouisLux8" hunn iwwerraschenderweis jeeweils ee Match um Wee an d’Halleffinalle verluer, a stinn elo an der lower semi final géigeniwwer.
Déi zwee Nidderkuerer, den "Ivanilson" an "xfabinhoo_" hunn d’Qualifikatioun ouni Néierlag iwwerstanen a spillen an der "Upper Final" géinteneen ëm eng Plaz an der Grand Final.
All d’Informatioune vum éischte Qualidag fannt Dir hei!
Hei fannt Dir den Iwwerbléck vum Turnéierbam!
D'Finall kann een dann och e Samschdeg vun 12 Auer un an den Akafszenter op d'Cloche d'Or kucke goen. Hei gëtt et dann och Iessen a Gedrénks fir d'Spectateuren. Soss kënnt dir hei wéi gewinnt déi komplett Finall am Stream kucken, dat vun 13.50 Auer un!