China dominéiert - Vill manner bekannt an nei Disziplinnen dobäi

© Photo by Noushad Thekkayil/NurPhoto
Wärend bei den Asian Games och Turnen, Schwammen oder Dëschtennis um Programm stoungen, goufen et och Medailen am Wushu, Sepak takraw oder den Esports.
De 4. Oktober sinn zu Hangzhou d'Asian Games op en Enn gaangen. Den Highlight vum Sports-Joer a China. Eis Korrespondentin Anne Wang wunnt zu Shanghai an huet d'Evenement fir eis suivéiert. Uganks vum Mount sinn déi 19. Asian Games zu Hangzhou op en Enn komm. D'Spiller sollten zejoert sinn, goufen awer wéinst der Pandemie op dëst Joer verluecht.
Obwuel d'Asian Games bei eis net weider an den Noriichte waren, war et de wichtegste Sports-Evenement a China dëst Joer. Fir d'Spiller goufe 14 nei Sport-Infrastrukturen an der ganzer Provënz gebaut. Dozou koum och eng nei High-Speed-Zuchstreck tëscht Hangzhou an Huzhou.
Méi wéi 12.000 Participanten aus 45 Länner hunn iwwer zwou Wochen an der Hafestad hiert bescht ginn. Konkurréiert gouf an 61 Disziplinnen a 40 verschiddene Sportaarten.
D'Gaascht- Land China huet bal 390 Medailen ofgeraumt, méi wéi duebel sou vill wéi Japan mat 188, dat a klasseschen Disziplinne wéi Turnen, Schwammen oder och Dëschtennis.
Mä mat derbäi ware bei dëse Spiller och lokal, bei eis manner bekannt Sportaarten. Am Wushu, wat och Kung-Fu genannt gëtt, trieden d'Athlete mat enger Choreographie un, déi aus verschiddene Mouvementer besteet. Sou wéi am Turnen och. A wann dat Iech nach net ongewéinlech genuch ass, gouf och em Medailen am Sepak takraw gespillt. De Sport, deen aus Malaysia kënnt, gëtt dacks Kick Volleyball genannt. A genee dat ass et och. Ekippe vun dräi Spiller mussen e Ball iwwert en Netz kréien, ouni hir Hänn ze benotzen.
Mä definitiv erausgestach huet bei dëse Spiller eng ganz nei Kategorie: Esports! Dobäi handelt et sech ëm Computerspiller. D'Asian Games sinn dat éischt grousst internationaalt Sportsevenement, wou een dës Zort vu Kompetitioun konnt suivéieren. Et goufe siwe Goldmedailen a siwe verschiddene Computerspiller ze gewannen, ënnert anerem a League of Legends oder och Street Fighter V. Zwar leeft de Schweess bei dëse Matcher net a Literen, mä dat mécht déi ganz Saach net manner spannend!
Esports hu virun allem an Asien eng immens grouss Fancommunautéit an dat weist sech och am Commerce. Den Esports-Marché gëtt op iwwer 1,3 Milliarden Dollar geschat, d'Tendenz weist kloer no uewen. Villäicht gesäit een dann an e puer Joer och bei den Olympesche Spiller Leit virum Computer sëtzen!
D'Anne Wang fir RTL vu Shanghai.