Alleguerten d'Kandidate sinn invitéiert sech iwwer e Lëtzebuerger Futtball-Club anzeschreiwen fir déi nächst Editioun vun der Orange eLeague.

Déi Spiller wäerten dann och de Club, iwwert deen se sech ageschriwwen hunn, bei der Competitioun representéieren. Dëst Joer wäerten d'Spiller sech dann op der Playstation 5 moossen, dat an der Futtball-Simulatioun vun EA Sports, déi jo elo "FC 24" heescht an net méi wéi soss ëmmer "FIFA".

Hei geet et bei d'Inscriptiounen, déi nach bis de 17. November 2023 op sinn. Also maacht iech bäi!

No dëse Qualifikatioune wäerten dann 20 Spiller iwwreg bleiwen, déi da wärend der regulärer Saison géinteneen untrieden. De Gewënner huet ënnert anerem d'Méiglechkeet fir bei den EA Sports FC Pro Play Ins. matzemaachen.

Nei dëst Joer ass, dass et just nach Eenzelspiller géinteneen untrieden an net méi wéi soss och nach an Ekippen. Allerdéngs muss all Eenzelspiller vun enger Futtballekipp déi Member bei der FLF ass, representéiert ginn. Wann eng Persoun sech aschreiwe wëll, awer kee Club kennt zu Lëtzebuerg, kann een sech bei der FLF selwer mellen, déi een dann hei weidervermëttelen an och zousätzlech Informatioune kënne ginn.

Organiséiert gëtt d'Orange eLeague nees an Zesummenaarbecht tëscht der FLF an Orange.

Orange eLeague ass dann och op alle grousse soziale Medien wéi Facebook, Instagram, X (Twitter) an natierlech Twitch ze fannen. Hei fannt der de komplette Communiqué mat weideren Detailer an Informatiounen.