20 Spiller si fir déi nei Saison qualifizéiert

Déi regulär Saison geet de 7. Februar un a geet da bis Enn Mee 2024.
En Donneschdeg de Mëtteg gouf via Pressecommuniqué matgedeelt, wéi eng 20 Spiller sech qualifizéiert hu fir d'Orange eLeague 2024.
Et sinn dat:
Atert Bissen ivanilsonlpvm
Swift Hesperange LxbFifa
Progrès Niederkorn Jordan
FC Käerch SaRo_09x
Jeunesse Junglinster MCMATT99
CS Sanem LastKing
Etzella Ettelbruck Ciscinho
UNA Strassen Iceman
FC Blo-Wäiss Izeg MamelMu94
Red Boys Aspelt Interista Pazzo
Alisontia Steinsel xfabinhoo_
Jeunesse Canach LouisLux8
Union Remich-Bous Rainbow6david9
FC Luxembourg City Didi_StOrM
CS Fola Esch-Alzette chepa_bru
Union Titus Pétange Allinho54
FC Mamer 32 zKing_BarcazZ
F91 Dudelange EnesTunsien441
Racing Troisvierges TGC_LuxShadow
club à confirmer Outscars
Organiséiert gëtt d'Orange eLeague nees an Zesummenaarbecht tëscht der FLF an Orange.
Orange eLeague ass dann och op alle grousse soziale Medien wéi Facebook, Instagram, X (Twitter) an natierlech Twitch ze fannen. Hei fannt der de komplette Communiqué mat weideren Detailer an Informatiounen.