E Freideg gouf bei der FLF zu Monnerech déi nei Saison vun der Orange eLeague presentéiert. Dat mat enger grousser Ännerung!

Anescht wéi déi Jore virdrun, gëtt nämlech just nach eenzel gespillt pro Veräin, also net méi, wéi déi Jore virdrun, zu 2. Dëst, esou de Gilles Faber vun der FLF, ass engersäits vun EA sou gewollt, ma awer och vun der FLF selwer:"Do hu mer gesot, ok, mir kënnen och 2 Spiller pro Veräin aschreiwe loossen, mä mir wëllen awer och méi Veräiner mat an d'Boot kréien. An dofir hu mer eis fir ee Spiller pro Veräin entscheet. An dann och déi aner Spiller, déi net méi convoquéiert goufe vun hirem Veräin, hu missen en neie Veräin fannen. A sou hu mer och méi Inscriptioune krut vun de Veräiner selwer."

Et war dann och dës Kéier sou, dass et am Virfeld fir d'Orange eLeague 3 Qualifikatioune gouf, zwou dovunner fir Spiller, déi schonn e Veräin haten, an eng Qualifikatioun fir Spiller ouni Veräin. 36 Veräiner haten e Spiller, 60 Spiller haten awer kee Veräin an déi hunn sou eng Méiglechkeet kritt iwwert dëse Wee sech ze qualifizéieren. Schlussendlech war een iwwreg bliwwen dee kee Veräin hat a sech qualifizéiert huet. Och hei gouf e Veräin fir hie fonnt: "Dat war dann och nach e Veräin, wou hie Futtball spillt, dat huet sech ganz gutt getraff".

RTL

© David Winter

Majo dëst ass awer net déi eenzeg Ännerung: Zënter dëser Editioun vum EA-Futtball-Spill, huet den Numm vum Spill geännert an heescht net méi FIFA, mä "EA SPORTS FC 24". Et huet sech also villes geännert, och säitens der Kooperatioun mat EA, déi bei der Orange eLeague jo essentiel wichteg ass.

De Gilles Faber vun der FLF betount am RTL-Interview, dass sech dëst schonn d'lescht Joer ugedeit hat, dëst war also am Virfeld bekannt, an et goufe sech natierlech och deels Suerge gemaach:"Et huet ee sech Froe gestallt. Wéi gesäit dat d'nächst Saison aus? Maache mir iwwerhaapt mat EA weider? Wéi gëtt de ganze System op d'Been gestallt? An do muss ech soen, EA huet wierklech e gudde Plang, och dass si dat alles vereinfacht hunn, dat mécht et fir eis och méi einfach. "

Konkret ausgedréckt, esou de Gilles Faber weider, ginn et sou elo vill manner Qualifikatiounen, wou d'Spiller jo iwwert déi ganz Saison dran involvéiert sinn. Esou wier de Kalenner och net iwwert esou eng laang Period ausgelaascht, wat natierlech de Spiller zu gutt kënnt.

RTL

© David Winter

Wat de Changement vum Spill selwer betrëfft, hätt een sech voll a ganz op de Feedback vun de Spiller verlooss, an dee war weider positiv:" D'Spiller hunn all gesot, 'hei, mir spille weider dat do Spill, och wann elo aner Spiller erauskomm sinn, déi sech zwar nach guer net duerchgesat hunn. D'Spill "EA FC "ass wierklech d'Nummer 1, gëtt vun de Spiller nach ëmmer FIFA genannt."

Nei wäert och den Asaz vun den Dammen an den Teams am Spill sinn, dat soss net üblech war. Och Strategien, wéi an de leschte Minutten e Goalkeeper géint e Spiller anzewiesselen, fir sou besser u Corneren ze kommen, wäert méi dacks wéi üblech antrieden, sou de Gilles Faber weider. D'Spill selwer hätt net sou vill geännert, ma éischter d'Aart a Weis, wéi et zënter dëser Saison gespillt gëtt.

Apropos Fraen: Hei war et d'Fro un de Gilles Faber, wéi et dann an sou engem vu Männer dominéierte Beräich wéi der Orange e League mat weiblecher Bedeelegung ausgesäit? "Also do muss ee soen, am Ausland gesäit een dat lues a lues kommen, och d'Fifa hat d'lescht Saison eng Campagne gemaach, wou mer sollte weiblech Talenter fuerderen, mä mir hu leider keng zu Lëtzebuerg gehat. Respektiv, mir hate lescht Saison e Meedchen dat fir de Racing an der Quali matgespillt hat a sech leider net qualifizéiert huet an dës Saison hate mer och eent dat sech ugemellt huet. Et ass awer schlussendlech och net an der Quali weiderkomm. Dat ass natierlech schued. Mir waarden nach ëmmer drop, dass déi éischt Dame sech fir d'Orange eLeague qualifizéiert."

Lass geet et dann fir dës 4. Saison de 7. Februar 2024, dat um 1. Spilldag vun der Orange eLeague. Am ganzen sinn 20 Spiller fir déi 1. Divisioun vun der Saison qualifizéiert. Dat bedeit am Ganzen 19 Matcher iwwer 5 Spilldeeg verdeelt. Déi 8 Bescht qualifizéiere sech hei fir d'Finallen. Et wäert och eng 2. Divisioun ginn, dat och mat 20 Spiller. Hei kommen déi 4 Bescht an d'Finall.

D'Finalle sinn de 27. an 28. Abrëll. Am Präis-Pool stinn dëst Joer 10.000 Euro, woubäi de Gewënner dovunner eleng 2.500 Euro wäert kréien. Domadder awer net genuch, de Gewënner séchert sech och eng Plaz op der offizieller UEFA-Kompetitioun an eng direkt Plaz an de Playoffs vun de World Championships. Hei qualifizéiere sech dann 8 vun 18 Spiller um Schluss.

Fir dee Spiller, dee Champion vun der 2. Divisioun gëtt, gëtt et och e klengt Präisgeld an eng Plaz an der 1. Divisioun fir dat Joer drop. Iwwerdroe ginn d'Matcher dëst Joer exklusiv um offiziellen Twitch-Account vun der Orange eLeague.

Och dëst Joer wäerten d'Spiller aus der Orange eLeague an och hir Coachen, nees a Form vu Formatiounen an Trainingen vu Lunex encadréiert ginn. Hei kréien déi eenzel Spiller an Trainer dann och Certificaten, wann se bei 4 vun de 5 Sessiounen dobäi sinn, déi vu Lunex proposéiert ginn.

Ambassadeur vun der neier Saison ass dann dës Kéier de Futtball-Profi Mathias Olesen, dee jo fir den 1. FC Köln an der däitscher Bundesliga spillt.