Orange eLeague
Hesper, Steesel a Kanech leien nom 1. Spilldag vir an der Tabelle

© FLF/Orange eLeague
Nom éischte Matchdag an der Orange eLeague sinn elo d'Resultater bekannt. Hei en Iwwerbléck!
All Ekipp huet um Matchday 1 all Kéiers 3 Matcher gespillt, sou dass een am beschte Fall 9 Punkte konnt mathuelen. Dat ass Swift Hesperange, Alisontia Steinsel a Jeunesse Canach gelongen.

Op déi lescht Plazen, mat all Kéiers 0 Punkten aus de leschten 3 Renconteren sinn Racing Troisvierges, Red Boys Aspelt, CS Fola Esch-Alzette an Una Strassen. Ma heibäi handelt et sech wéi gesot ëm den 1. Spilldag, sou dass hei natierlech nach alles dran ass.
Nächste Spilldag ass nächste Mëttwoch.
Am meeschte gelies