Orange eLeague
Hesper, Steesel a Kanech deele sech och nom 2. Spilldag weider déi éischt Plaz

© FLF/Orange eLeague
Nom 2. Matchdag an der Orange eLeague huet sech an der Tabelle op den éischte Plazen wéineg geännert. Hei en Iwwerbléck!
No bis ewell 7 gespillte Matcher pro Ekipp sti Steesel, Hesper a Kanech mat 21 Punkten op der éischter Plaz, eenzeg d'Golverhältnis ass liicht anescht, sou dass Steesel am Moment op der 1. Plaz läit. Mat 21 Punkten hunn déi 3 Ekippen da bis ewell och nach kee Match verluer.

© Orange eLeague
Op déi lescht Plazen, mat all Kéiers 0 Punkten aus de leschte 7 Renconteren sinn Red Boys Aspelt an CS Fola Esch-Alzette.
Nächste Spilldag ass e Mëttwoch an 2 Wochen.
Am meeschte gelies