Käerch beusprocht déi 3. Plaz fir sech, un der Spëtzt ännert sech näischt

© FLF/Orange eLeague
Nom 3. Matchdag an der Orange eLeague steet nach ëmmer Swift Hesper op der 1. Plaz, Kanech bleift op der Positioun 2 an der Tabell.
Mat all Kéiers 31 Punkten, an enger Differenz bei de Goler vun nëmmen engem eenzege Gol (+48 zu +47), leien Hesper (1) a Kanech (2) op den éischten zwou Plazen. Et kann also am Moment bal net méi spannend sinn. Dobäi kënnt, dass op de Plazen hannendrun nach alles dran ass a sech och un der Spëtzt nees séier eppes ännere kann.
Op der 3. Plaz läit elo Käerch mat 27 Punkten an huet domadder Steesel iwwerholl. Steesel huet zwar och 27 Punkten, ma Käerch huet eng besser Goldifferenz.

Op de leschten 3 Plazen, leien d'Fola Esch a Stroossen mat all Kéiers 4 Punkten an d'Red Boys Aspelt mat bis ewell nach 0 Punkten.
Den nächste Spilldag ass e Mëttwoch 20. Mäerz 2024.
De ganze Programm mat all de Resultater gëtt et och nach eemol an der ganzer Iwwersiicht hei!