Swift Hesper an Kanech weider op de Plazen 1 an 2 an der Tabelle

© FLF/Orange eLeague
Op de Plazen 3 a 4 leie Käerch mat 36 Punkten, sou wéi Steesel. D'Goldifferenz läit hei bei 6 Goler.
Mat all Kéiers 43 Punkten, an enger Differenz vun nëmmen 2 Gol, leien Hesper (1) a Kanech (2), wéi och schonn déi Woch virdrun, weider op den éischten zwou Plazen. Et bleift weider spannend. Dobäi kënnt, dass op de Plazen hannendrun weiderhin nach alles dran ass a sech och un der Spëtzt nees séier eppes ännere kann.
Op de Plazen 3 a 4 leie Käerch mat 36 Punkten, sou wéi Steesel. D'Goldifferenz läit hei bei 6 Goler.

Op de leschten 3 Plazen, leien d'Fola Esch a Stroossen mat all Kéiers 4 Punkten an d'Red Boys Aspelt mat bis ewell nach 0 Punkten.
De ganze Programm mat all de Resultater gëtt et och nach eemol an der ganzer Iwwersiicht hei!