De 5. a leschte Spilldag vun der Orange eLeague

E Mëttwoch 3. Abrëll 2024 geet et an déi 5. Ronn vun de Spilldeeg an der Orange eLeague. Ënnert anerem treffe Steesel an Biissen openeen.
Wien de leschte Spilldag am Stream suivéiere wëll, dee kann dat maachen, an zwar iwwert den offiziellen Twitch-Stream vun der Orange eLeague. Dëse Stream gëtt nees an Zesummenaarbecht tëscht Orange a Foqus organiséiert. Lass geet et wéi gewinnt um 19 Auer.
Iwwerdroen ginn vu 7 Auer un d'Matcher tëscht Steesel a Biissen, Kanech an Hesper, Esch a Stroossen, Gréiwemaacher an Izeg, sou wéi d'Partie Stat Lëtzebuerg géint Suessem.
De ganze Programm mat all de Resultater gëtt et och nach eemol an der ganzer Iwwersiicht hei!
Presentatioun vun den eenzelen Spiller aus der 1. Divisioun vun der Orange eLeague 2024
Weider Infoen an Detailer ginn et op de soziale Reseauen vun der Orange eLeague:
Facebook : www.facebook.com/OrangeEleagueLu
Instagram : www.instagram.com/eleaguelu
X : www.twitter.com/eleaguelu
Twitch : www.twitch.tv/eleague_lu