No am Ganzen 19 Matcher iwwer 5 Spilldeeg verdeelt stinn déu bescht 8 Ekippe fest, déi dëst Joer fir d'Finallen qualifizéiert sinn.

Mat 55 Punkte ka Kanech sech op der 1. Plaz nom 5. Spilldag vun der Orange eLeague behaapten, dat mat engem Virsprong vu 6 Punkten op den Zweetplacéierten Hesper. Op déi 3. Plaz kënnt Käerch mat 48 Punkten, dat mat engem Punkt manner wéi Hesper.

RTL

© Orange eLeague

Fir d'Finallen sinn domadder Kanech, Hesper Käerch, Steesel, Biissen, Nidderkuer, Suessem a Mamer qualifizéiert. Op de leschten 3 Plazen, leien d'Fola Esch, Stroossen an d'Red Boys Aspelt.

De ganze Programm mat all de Resultater gëtt et och nach eemol an der ganzer Iwwersiicht hei!

D'Finalle sinn de 27. an 28. Abrëll. Am Präis-Pool stinn dëst Joer 10.000 Euro, woubäi de Gewënner dovunner eleng 2.500 Euro wäert kréien. Domadder awer net genuch, de Gewënner séchert sech och eng Plaz op der offizieller UEFA-Kompetitioun an eng direkt Plaz an de Playoffs vun de World Championships. Hei qualifizéiere sech dann 8 vun 18 Spiller um Schluss.