E Videospill-Turnéier fir de gudden Zweck

© POST Esports Masters / Facebook
Dëse Weekend sinn zu Lëtzebuerg d'Finalle vun de "POST esports Masters". Donen gi gesammelt a wäerte am Kader vum Télévie gespent ginn.
Bei de POST esports Masters handelt et sech ëm e Lëtzebuerger Online-Gaming-Turnéier. D'Saison, déi schonn Ufank dës Joers ugefaangen huet, kënnt dann elo dëse Weekend op en Enn, dat am Forum Geesseknäppchen an der Stad. Hei wäerten d'Matcher dann och ausnamsweis alleguerten offline gespillt ginn, dat op der grousser Bün viru Public. Dës Partien wäerten awer dofir online iwwerdroe ginn.
D'Entrée ass iwwregens gratis, et kënnen awer Done gemaach ginn, déi dann am Kader vum Kampf géint de Kriibs un den Télévie ginn.
Bei dësem Turnéier wäerten déi beschte Spiller aus Lëtzebuerg, awer och aus der Groussregioun matmaachen, dat an de Spiller League of Legends, Valorant a Rocket League.
- Déi éischt grouss Finall ass e Samschdeg géint 20 Auer, dat am populären "Auto-Futtball-Spill" Rocket League. D'Halleffinalle solle géint 17.30 Auer sinn.
- Déi zweet grouss Finall ass e Sonndeg géint 10 Auer moies, hei dréit et sech dann ëm d'Spill "Valorant", engem kompetitiven Ego-Shoter.
- Déi drëtt an domadder leschte Finall ass dann fir League of Legends reservéiert, dat e Sonndeg de Mëtteg um 14 Auer. Dëst ass wuel dat bekanntste Spill vun deenen 3, hei dréit et sech jo ëm e strateegescht Kampfspill, bei deem Ekippen an Arenaen géinteneen untrieden.
Op der Plaz am Forum Geesseknäppchen kënnen d'Visiteuren dann awer och selwer op verschiddene Plazen an der Hal zocken, respektiv Simulatoren ausprobéieren.
Hei den Oflaf vun de Finalle bei de POST esports Masters
Samschdeg 6. Juli
9:30 - Start
10:00 - Halleffinalle vu League of Legends (Demi-finales)
13:15 - 14:00 - "Mëttegpaus"
14:00 - Valorant (Halleffinallen)
17:00 - 17:20 - 2. Paus
17:20 - Halftime Show
17:30 - Rocket League (Halleffinall 1)
18:15 - Rocket League (Halleffinall 2)
19:00 - Rocket League (Finall ëm déi 3. Plaz)
20:00 - Rocket League (Grouss Finall)
20:45 - Rocket League (Präisiwwerreechung)
Sonndeg 7. Juli
9:30 - Start
10:00 - Valorant (Finall)
13:30 - Valorant (Präisiwwerreechung)
13:50 - Halftime Show
14:00 - League of Legends (Finall)
17:30 - League of Legends (Präisiwwerreechung)
18:00 - Enn vum Event