E Freideg geet et ëm den Ex-Bodyguard vum Angela Merkel, d'RTL-Moderatore vun der neier Formel 1 Saison an de President vun der "Nomadic Games Federation".

De Rainer Schanz huet säi Liewe fir bekannt däitsch Politiker riskéiert an huet elo e Buch iwwer déi Zäit geschriwwen. "Der Mann, der aus dem Schatten kommt" erzielt seng Geschicht, wou hien als Bodyguard vum Angela Merkel, Gerhard Schröder a Willy Brandt geschafft huet, a beschreift wéi dat ass, wann ee sou berüümt Persoune beschützt. Hien huet seng Karriär bei der Police ugefaangen, ier hien an de Beräich vum Staatsschutz gewiesselt ass. Hien huet d'Tréine vum Willy Brandt gesi bei der Ried iwwert de Mauerfall, war an den 80er beim Austausch vun Agenten op der "Glienicker Brücke" derbäi a war op liewesgeféierlecher Missioun am Afghanistan. Haut genéisst en d'Pensioun op Mallorca.

De Franky Hippert an Tom Hoffmann si vun dësem Weekend un nees schëtzeg ënnerwee mat der neier Saison an der Formel 1. Déi laang Wanterpaus huet endlech en Enn an 23 Coursse stinn um Programm. Lass geet et mat fonkelneien Autoen, Changementer an de Rennställ an neie Reegelen. Wien dominéiert um Ufank, a bleift et sou spannend wéi déi lescht Saison? Bei eis gitt Dir et gewuer. Suivéiert de FORMULA 1 GULF AIR BAHRAIN GRAND PRIX 2022 live op RTL ZWEE, RTL.lu an um RTL Play, a verpasst keng Course bis sech den 20. November zu Abu Dhabi entscheet, wien neie Weltmeeschter gëtt.

De Mathieu Schiltz bréngt e Méindeg den 28. Mäerz eng mongolesch Folk-Band op Iechternach, déi beim asiatesche Supertalent zweet ginn ass. De President vun der "Nomadic Games Federation Lëtzebuerg" huet d'Museker vun "Khusugtun" 2018 kennegeléiert a souguer mat hinne geüübt, an no villen organisatoresche Schwieregkeeten huet hien et fäerdeg bruecht, déi 6 Museker op Iechternach z'invitéieren. E Méindeg den 28. Mäerz komme si an den Trifolion a suerge fir en aussergewéinleche Concert.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.