Neie Grand-Duc, nei Portraiten
Et ass eng Aart Traditioun, dass de Portrait vum Grand-Duc a verschiddenen ëffentleche Gebaier hänkt. An och déi wäerten den 3. Oktober ausgetosch ginn.
Déi nei Portraite vum nach Ierfgroussherzog Guillaume si vun zwee Lëtzebuerger Fotografe gemaach ginn, dem Kary Barthelmey an dem Christian Aschman.
Am Ganze stinn 3 Motiver zur Verfügung, eng Kéier den Ierfgroussherzog Guillaume eleng, eng Kéier a Militäruniform, woubäi op där een Embargo drop ass bis de Freideg an eng Kéier déi Ierfgroussherzoglech Koppel.
Wéi vill Fotoen insgesamt ausgetosch ginn, doriwwer gëtt et keng direkt Oplëschtung. Et ass awer ee Formulaire ausgeschafft ginn, iwwert deen d’Portraite konnte bestallt ginn. Bis elo sinn esou 2.500 Commanden erakomm, vu Ministèren, Administratiounen, Gemengen, Commercen an e puer Privatleit.
Viru 25 Joer war déi Zuel nach däitlech méi héich. “Fréier war et mol eng Traditioun, dass an all Büro vun engem Staatsbeamten ee Portrait houng, an dat ass awer mengen ech haut net méi esou. Mir ginn dat och net méi an där Quantitéit gefrot”, erkläert d’Cynthia Schwickerath, si ass Chef de division vun der Divisioun "Imprimés et fournitures de bureau". Dat ass d’Staatsdréckerei, déi Deel vum CTIE (Centre des technologies de l’information de l’État) ass, “elo kommen d’Portraiten op d’offiziell Plazen. Wou si och gesi ginn, wou si de representative Charakter och kënne widerspigelen.”
Et ginn e puer Richtlinnen, wéi d’Portraite sollen opgehaange ginn. Dozou gehéiert, dass si op enger wäisser Mauer sollen hänken, ouni dass nach aner Saachen oflenken, de Passepartout (d'Pabeiersrumm ëm d’Bild) soll eng gewësse Breet hunn an d’Rumm soll sober an elegant sinn. D’Portraiten dierfen och réischt den Dag selwer ausgetosch ginn.
D’Biller sinn an enger privater Dréckerei zu Lëtzebuerg gedréckt ginn a scho méi laang prett. Prioritär goufen déi Biller behandelt, déi nach an d’Ausland misste verschéckt ginn.
“Déi Commande, déi mir prioritär behandelt hunn, ass déi vum Ministère des affaires etrangères. Well, déi mussen alles nach raus an d’Ausland schécken. A mir wëllen awer, dass all d’Portraiten an den Ambassaden an de Konsulater, oder zum Beispill am Luxembourg Investment and Trade Office zu Shanghai da mat Zäiten hänken, well déi organiséieren natierlech och Feiere fir deen Dag an da soll de Portrait schonn do sinn. A well mir do mussen Zäit arechne mat den Envoien, ass dat prioritär behandelt ginn“, seet d'Cynthia Schwickerath.
Vum 3. Oktober u wäerten d'Biller dann iwwerall am Land ausgetosch ginn. Da gëtt de Grand-Duc Henri seng Plaz of u säi Jong. Net just um Troun, mee och op all deene Plazen, wou säi Portrait bis elo houng.