Red Bull wëllt eng weider Victoire beim Heem-Grand-Prix

© AFP (Archiv)
Eng Woch nom spektakuläre Grousse Präis vu Groussbritannien geet et dëse Weekend schonn an Éisträich weider.
Kann de Max Verstappen beim Heem-Grand-Prix vu senger Ecurie zu Spielberg nees esou dominéiere wéi virun 12 Méint an huet Ferrari aus de Feeldecisiounen, déi d'Scuderia dës Saison wärend de Course scho geholl huet, geléiert?
Beim Grousse Präis vu Monaco hat Ferrari d'Victoire no der Pole Positioun vum Charles Leclerc scho verschenkt. Elo d'lescht Woch zu Silverstone huet de Monegass och nees déi éischte Plaz duerch Decisioune vu senger Box aus der Hand ginn. Et ass net ëmmer einfach fir Ferrari-Pilot ze sinn, dozou den RTL-Formel-1-Commentateur Serge Pauly:
"Als Charles Leclerc géif ech och elo d’Vertrauensfro stellen, well dat wat zu Silverstone geschitt ass, ass net méi normal. Dat wichtegst fir Ferrari ass eng Ferrari-Victoire. Dat ass vill méi wichteg, wéi déi perséinlech Interête vun engem bestëmmte Pilot. Ferrari muss gewannen et basta. Dat do bleift natierlech bei engem Pilot am Hannerkapp. Fir d’Piloten ass et wierklech net einfach, bei Ferrari ze fueren.”
D'lescht Saison hat de Weltmeeschter Max Verstappen um Red Bull Ring vum éischte fräien Training bis d'Course alles, ausser den FP2, do war de Lewis Hamilton op Mercedes dee Séiersten, dominéiert. Nom méi schwierege Grand Prix zu Silverstone fir den Hollänner wëll Red Bull elo natierlech bei sech doheem zeréckschloen.
"De Moment muss ee wierklech soen, datt Red Bull dee grousse Favorit ass. Et muss ee mat hinnen op all Circuit rechnen. Grad fir hiert Heemspill zu Spielberg wäerte si bis an d’Fangerspëtze motivéiert sinn. D’lescht Joer huet de Max Verstappen jo déi béid Courssen hei souverän gewonnen. Seng Fans wäerten och dëst Joer nees fir eng eemoleg Ambiance um Red Bull Ring suergen. Ech tippen op eng Widderhuelung vun de Max-Verstappen-Festspiller."
An de leschte Woche war vill Drock op de Mick Schumacher gemaach ginn. D'lescht Woch huet de Fils vum Rekordweltmeeschter Michael Schumacher dunn an England a senger 31. Formel-1-Course als 8. awer seng éischt Punkte gesammelt:
"Wat mech nach vill méi beandrockt huet, wéi lo déi plakeg 4 Punkten, ass d’Manéier, wéi de Schumacher sech vun 19. op 8. no vir geschafft huet. Wéi e beispillsweis zum Schluss ee Max Verstappen attackéiert huet. Dann och seng Determinatioun an deenen aneren Zweekämpf. Dat versprécht fir d’Zukunft an dat muss ee Mick Schumacher nach vill méi roueg schlofe loossen, wéi elo déi 4 Punkten."
De Max Verstappen, Leader am Weltmeeschterschaftsklassement, huet sech scho 4 Mol zu Spielberg an de Palmarès vun der Kinneksklass am Automobilsport agedroen an hält domat de Rekord. D'Chancë si sécherlech do, datt de 24 Joer alen Hollänner e Sonndeg am Nomëtteg do eng 5. Kéier ganz uewen um Podium steet.
An do kënnt Dir op RTL Lëtzebuerg nees live dobäi sinn. De genaue Programm fannt Dir op der Formel-1-Säit op RTL.lu.