Max Verstappen séchert sech beim Heemspill d'Pole

© AFP
Fir den Hollänner ass et déi 16. Pole Position a senger Karriär.
De Weekend mécht d'Formel 1 um Red Bull Ring zu Spielberg an Éisträich Statioun. Beim Grousse Präis vun Éisträich ginn et nees vill Punkten ze gewannen. Nieft dem Grousse Präis e Sonndeg gëtt e Samschdeg e Sprint gefuer. E Freideg war dowéinst schonn de Qualifying. An do huet sech de Max Verstappen eng perfekt Ausgangspositioun fir de Sprint e Samschdeg geséchert.
De Formel-1-Weltmeeschter huet sech mat sengem Red Bull d'Pole Position geséchert. De Ferrari-Pilot Charles Leclerc ass mat engem Réckstand vun 29 Dausendstel op déi zweet Plaz gefuer. De Carlos Sainz am zweete Ferrari ass deen Drëtte ginn.
Batter war den Ausgang vum Qualifying fir Mercedes. An der zweeter Hallschent vum Q3 sinn de Lewis Hamilton an den George Russell agerannt an esou war fir si fréizäiteg Feierowend. Fir d'éischt ass den Hamilton vun der Streck ofkomm, dofir huet d'Qualifikatioun missen ënnerbrach. Kuerz nodeems et nees weidergaangen ass, huet de Russell d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer.
E Samschdeg start de Russell vun der 4. Plaz an den Hamilton geet vun der 9 aus an de Sprint.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.