Verstappen wënnt Sprint viru Leclerc a Sainz

© AFP
Op en Neits huet Red Bull den Duell géint Ferrari fir sech entscheet.
Drëtt Sprint-Victoire fir de Max Verstappen. Den aktuelle Formel-1-Weltmeeschter huet sech e Samschdeg zu Spielberg an Éisträich d'Victoire geséchert an domadder och déi éischt Startplaz beim Grousse Präis vun Éisträich. Hie war vun der Pole Position gestart an ass vun do aus e souveräne Succès erausgefuer. Hannert dem Hollänner war et awer méi spannend. D'Ferrari-Pilote Charles Leclerc a Carlos Sainz hu sech ee spannenden Duell geliwwert. Um Enn hat de Leclerc virum Sainz d'Nues vir.
Déi éischt Aacht am Klassement krute WM-Punkten, de Verstappen baut säi Virsprong domadder weider aus. Mat elo 189 Punkte läit hie viru sengem Teamkolleeg Sergio Perez (151) an dem Leclerc (145).
E Sonndeg gëtt dann de Grousse Präis vun Éisträich gefuer. De Max Verstappen an de Charles Leclerc stinn do an der éischter Rei. Hannert hinne fueren de Carlos Sainz an den George Russell (Mercedes) fort. Vu 14.15 Auer u kënnt Dir um RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play live mat dobäi sinn.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.