Michael Masi verléisst international Automobilsportfederatioun

© AFP
De Masi war bis d'Enn vun der leschter Saison Renndirekter an der Formel 1 a war do ëmmer nees wéinst sengen Decisiounen an d'Kritik geroden.
De fréiere Renndirekter vun der Formel 1 Michael Masi ass net méi bei der internationaler Automobilsportfederatioun. De 44 Joer alen Australier huet d'FIA verlooss, well hie méi no bei der Famill wëll sinn an eng nei Erausfuerderung wëll unhuelen.
De Masi war bis Enn vun der leschter Saison Renndirekter an der Kinneksklass vum Automobilsport. No der leschter Course zu Abu Dhabi gouf hien wéinst senger Decisioun ferm kritiséiert, datt wärend der Safty-Car-Phas an de leschte Ronnen net all iwwerronnten Auto laanscht d'Leader vun der Course hu misse fueren. Dovun konnt de Max Verstappen op Red Bull profitéieren an den Hollänner huet dem Lewis Hamilton de scho bal sécher gegleeften 8. Weltmeeschtertitel virun der Nues ewechgeholl. Zanter dëser Saison wiessele sech jo den Däitschen Niels Wittich an den Portugis Edouardo Freitas als Renndirekter an der Formel 1 of.