De Mike Krack iwwer Leeschtungsproblemer bei Aston Martin

© Aston Martin F1
11 vun 22 Coursse sinn an der aktueller Formel-1-Saison gefuer. D'Hallschent huet een an der Kinneksklass vum Automobilsport also schonn hannert sech.
Eng gutt Geleeënheet, fir beim Mike Krack, dem Teamchef vun der Ecurie Aston Martin, nozefroen, wéi hie bis elo seng éischt Saison an der Formel 1 erlieft huet.
De 50 Joer ale Lëtzebuerger ass ganz éiergäizeg. Mat der zweetleschter Plaz an der Konstrukteursweltmeeschterschaft a just 18 Punkten kann ee bei Aston Martin natierlech net liewen. De Mike Krack muss da bei der Internationaler Press och dacks Ried an Äntwert stoen: "Et ass kloer, datt ee léiwer Äntwerte gëtt iwwer 1. oder 2. Plazen oder gutt Resultater, mä et gehéiert awer och dozou, datt ee sech erkläre muss, wann et emol net leeft, an dat ass bei eis am Moment de Fall."
De fréiere Chef-Renningenieur vu Sauber a Motorsportchef vu BMW huet mat senge Leit bei Aston Martin awer den Haaptproblem erkannt:
"Et geet haaptsächlech ëm d'Aerodynamik. D'Reglement huet jo geännert, d'Autoe sinn hanne jo elo vill méi niddreg, wéi dat fréier de Fall war. Fréier war den Auto vir relativ um Buedem an hannen an der Luucht an et ass esou, datt mir a verschidde Beräicher bei Highspeed an de Kéieren net genuch Appui hunn an et ass do wou eis d'Performance feelt."
Déi international Medie schéisse sech och ëmmer gär op e puer Sujeten an. Een dovun ass, ob de Sebastian Vettel, 4-fache Weltmeeschter, weiderhi bei enger Ecurie bleift, déi hannendru fiert. Dozou de Mike Krack:
"De Fuerer-Marché ass am Moment jo och zimmlech statesch. Mir hunn elo keng Deadline, mir hu gutt Gespréicher mat hinnen. Natierlech musse mer kucken, wann et ze laang geet, da musse mer Fakte schafen, mä esou wäit si mer net. Mir gesi jo den Auto. Da wësse mer, datt et net um Pilot läit. Mir wëlle Kontinuitéit, dofir wëlle mir och mam Sebastian weider maachen."
De Formel-1-Zirkus huet virun der Summerpaus nach eng Kéier volle Programm. Elo de Weekend sinn de WM-Leader Max Verstappen op Red Bull, säi grousse Rival Charles Leclerc op Ferrari a Co. beim Grousse Präis vu Frankräich zu Le Castellet, ier et dann déi Woch drop fir de Grand Prix vun Ungarn op Budapest geet.