Kënnt Mercedes virun der Summerpaus nach emol méi no un déi dominant Ecurië Red Bull a Ferrari erun?

Formel 1 Virschau op Le Castellet / Rep. Franky Hippert

Lo dëse Weekend ass an der Formel 1 de Grousse Präis vu Frankräich. De Circuit zu Le Castellet kéint dem Lewis Hamilton an dem Georges Russell sengem W13 entgéint kommen.

Mercedes hat scho virun zwou Wochen zu Spielberg an Éisträich net schlecht ausgesinn. Duerch zwou Sortien am Qualifying e Freideg hat een du Problemer mat genuch Ersatzstécker an et konnt een d'Leeschtung net méi ofruffen. Dozou den RTL-Formel-1-Commentateur Serge Pauly: "Ma den Opwäertstrend bei deene Sëlweregen ass awer evident. Si sinn nach net grad um Niveau vu Red Bull oder Ferrari, mä wann déi da Problemer kréien, dann ass Mercedes mëttlerweil an der Lag fir dovun ze profitéieren an eventuell och emol nees eng Course ze gewannen. De Circuit misst Mercedes entgéintkommen."

Den Teamchef vun Aston Martin, de Lëtzebuerger Mike Krack, geet schonn dovun aus, datt mat Mercedes zu Le Castellet ze rechnen ass:

"Et si laang Riichter a relativ vill Medium-Speed-Kéieren, e bësse manner Highspeed. Ech denken, datt RB a Ferrari gläich op sinn, a Mercedes dierft net wäit dovun ewech sinn."

Bei Ferrari huet ee Problemer mat der Zouverlässegkeet vum Motor. Zu Spielberg huet dem Carlos Sainz säi sech a Flamen opgeléist. Bei de Motoren ass et extrem komplex, fir d'Feelerquell ze behiewen:

"Du muss de Problem verstoen, d'Ursaachen erkennen, du muss der Léisungen ausdenken, du muss da Pläng ausschaffen, testen, d'Resultater vun den Tester validéieren. Da muss de bei d'FIA goen an déi Upgrades ze validéieren. De Carlos Sainz riskéiert elo vu ganz hannen an d'Course ze goen, well e no Spielberg en neie Motor huet misse kréien. A wann elo no der Summerpaus zu Spa zum Beispill déi besser, nei geupdate Motore kommen, da riskéiere se nees eng Motorestrof."

Am Weltmeeschterschafts-Klassement ass de Max Verstappen no 11 vun 22 Coursse vir, 38 Punkte virum Charles Leclerc op Ferrari. Een hëtzegen Duell ass virprogramméiert. D'Fro, déi sech stellt ass, ob de Lewis Hamilton a sengem 300. Formel-1-Grand Prix, deenen Zwee fir d'Party op der Côte a Südfrankräich, e Stréch duerch d'Rechnung mécht.