Et ass fir d'7. Kéier, dass de Monegass vun der 1. Plaz an d'Course geet. Den anere Ferrari-Pilot Carlos Sainz muss aus der leschter Rei starten.

Zu Le Castellet a Frankräich war de Charles Leclerc de séiersten an huet sech d'Pole Position fir déi 12. Course vun der Saison geséchert. Bei guddem a waarmem Wieder war Ferrari iwwer de ganze Qualifying méi séier wéi Red Bull. De Max Verstappen huet sech am Q3 awer gesteigert a fiert nieft dem Leclerc aus der éischter Rei fort. Op d'Plazen 3 a 4 sinn de Sergio Perez an de Mercedes-Pilot Lewis Hamilton gefuer. Nieft dem Sainz muss och den Haas-Pilot Kevin Magnussen aus der leschter Rei starten, well si de Motor gewiesselt hunn. Béid Piloten haten et an de Q3 gepackt.

De Grousse Präis vu Frankräich gëtt e Sonndeg um 15 Auer gefuer. Vu 14.15 Auer u kënnt Dir live op der Tëlee, op RTL.lu an um RTL Play mat dobäi sinn.

De Lokalmatador an AlphaTauri-Pilot Pierre Gasly ass am Q1 iwwerraschend net weiderkomm. Donieft sinn och den Haas-Pilot Mick Schumacher an de Lance Stroll vun Aston Martin erausgeflunn. De Latifi an de Zhou haten et och net gepackt.

Am Q2 war du Schluss fir den Daniel Ricciardo op McLaren, de Valtteri Bottas vun Alfa Romeo an den zweeten Aston-Martin-Pilot Sebastian Vettel. Den Ocon an den Albon hunn hir Autoen och missen ofstellen.

An der leschter Ronn vun der Qualifikatioun ass et dunn ëm d'Pole gaangen. De Leclerc huet fir déi éischt Beschtzäit gesuergt. De Verstappen war an enger éischter Phas awer just 8 Dausendstel méi lues an et ass bis zum Schluss ganz spannend bliwwen. Decisioun ass an engem Showdown an der leschter Ronn gefall. An do war et de Charles Leclerc, dee sech mat sengem Ferrari weider verbessere konnt. De Weltmeeschter Max Verstappen konnt näischt méi dogéint halen. De Podium gouf vum anere Red-Bull-Pilot Sergio Perez komplettéiert.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 LENOVO GRAND PRIX DE FRANCE 2022

Resultater Frankräich

D'WM-Wäertung

WM-Klassement

De Kalenner vun der Saison 2022

© RTL