Nom Accident vum Charles Leclerc an der 18. Ronn konnt sech de Red-Bull-Pilot wichteg Punkte fir d'WM-Klassement sécheren.

De Max Verstappen wënnt de Grousse Präis vu Frankräich a baut domat de Virsprong un der Spëtzt vum WM-Klassement weider aus. Déi zweet Plaz ass un de Lewis Hamilton gaangen. De siwefache Weltmeeschter ass am Mercedes viru sengem Teamkoleeg George Russell ukomm, dee sech kuerz virun der Arrivée nach laanscht de Sergio Perez setze konnt. Fir de Charles Leclerc war et dogéint e weidere schwaarzen Dag an en grousse Réckschlag am Duell ëm de Weltmeeschtertitel. An der 18. Ronn vun der Course war de Monegass vum Circuit ofkomm an ass doropshi mat sengem Gefier an d'Mauer gerannt.

E Samschdeg war de Charles Leclerc nach de Séiersten an ass domat och vun der Pole Position un den Depart gaangen. De Ferrari-Pilot ass gutt an d'Course gestart a konnt déi éischt Plaz no den éischte puer Kéieren zu Le Castellet verdeedegen. Ouni Afloss vun engem anere Fuerer war d'Course no 18 Ronnen dann awer fir de Monegass fréizäiteg eriwwer. An der Kéier 11 huet hie sech onerwaart gedréint an huet no der Kollisioun mat der Mauer de Safety-Car op de Circuit geruff.

Dat huet natierlech an d'Kaarte vum WM-Leader Max Verstappen gespillt, deen doduerch d'Féierung un der Spëtzt vum Fuerer-Feld iwwerhuele konnt.

Nieft dem Charles Leclerc hunn nach véier weider Piloten d'Course net konnten op en Enn fueren. Den Tsunoda, Magnussen, Latifi an Zhou hunn hiren Auto missen ofstellen an éischter Feierowend maache wéi dat geplangt war.

Un der Spëtzt huet de Max Verstappen déi éischt Plaz souverän an ouni Problemer iwwert d'Arrivée bruecht. Fir de Lewis Hamilton steet um Enn déi zweet Plaz an duerch e staarke Restart vum George Russell nom virtuelle Safety Car konnt sech de Britt e puer Ronne viru Schluss nach laanscht de Sergio Perez setzen an domat déi drëtt Plaz festmaachen. Fir Mercedes ass dat déi éischt Course vun der Saison, wou ee mat zwee Piloten um Podium steet. De Carlos Sainz, dee vun der 19. Plaz un den Depart gaange war, konnt mat der 5. Plaz op mannst nach e puer Punkten fir seng Ekipp sécheren.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 LENOVO GRAND PRIX DE FRANCE 2022

Resultater Frankräich

D'WM-Wäertung

WM-Klassement

De Kalenner vun der Saison 2022

© RTL