Aston-Martin-Teamchef Mike Krack: Max Verstappen mat Red Bull wäert et packen

© Aston Martin F1
Aston Martin steet no 12 vun 22 Courssen just op der zweetleschter Plaz an der Weltmeeschterschaft vun de Konstrukteuren.
An der Formel 1 si se op der leschter Linn droite virun der Summerpaus. No der Victoire zu Le Castellet beim Grousse Präis vu Frankräich vum Max Verstappen op Red Bull, an der Sortie de Route vum Charles Leclerc op Ferrari, ass de Weltmeeschter um Wee, säin Titel ze verdeedegen. Op där enger Säit profitéiert den Hollänner a seng Ekipp dovun, datt déi eng Konkurrenten ze vill Feeler maachen, an déi aner am Moment einfach nach ze schwaach sinn. Dozou gehéiert och déi ambitiéis Ecurie Aston Martin mam Lëtzebuerger Teamchef Mike Krack.
Aston Martin steet no 12 vun 22 Courssen just op der zweetleschter Plaz an der Weltmeeschterschaft vun de Konstrukteure mat 19 Punkten. Nëmme Williams kënnt nach hannendrun. De 4-fache Weltmeeschter Sebastian Vettel an de Fils vum Teambesëtzer Lance Stroll, hunn eréischt 15 respektiv 4 Punkten agefuer. Weder fir d'Mark nach fir de Lawrence Stroll, den Haaptinvestisseur gesäit dat gutt aus dozou den Mike Krack:
Mike Krack: Mir kënnen eis dat net erlaben, mir kënnen net op deem Niveau weider fueren. Mir hunn déi verschidde Plazen identifizéiert wou mer mussen dru schaffen. Mir hunn elo Updaten, an da kommen der och nach no der Summerpaus, wou mer probéiere grad déi Schwächten auszemäerzen, et gesäit relativ gutt aus.
Ma och fir den Teamchef selwer ass d'Situatioun net einfach net an enger vun den Toppecurien de Kommando ze hunn. Et ass gewosst, datt de 50 Joer ale Lëtzebuerger och ganz éiergäizeg ass.
Mike Krack:Et ass elo net, datt et keng Toppecurie ass, an der Formel 1 do sinn keng schwaach Ecurien dobäi. Et däerf een net vergiessen, d'Team ass onheemlech gewuess an de leschten 2 Joer, et ass praktesch explodéiert vum Headcount hir, an déi ganz Prozesser, Prozeduren konnten do net mathalen. Wann een esou schnell wiisst, da geet d'Effizienz vir d'éischt emol erof, éiert dat sech ausbalancéiert.
Ferrari huet an den éischte Coursse richteg gutt ausgesinn. Am Laf vun de Grand Prixen hu sech awer ëmmer méi Feeler bei der Scuderia ageschlach. Dofir wot de Mike Krack dann och schonn e Pronostic, wéi d'Weltmeeschterschaft den 20. November zu Abu Dhabi op en Enn geet.
Mike Krack:Ech denken, datt ultimativ Red Bull d'Nues vir wäert hunn, well Ferrari ëmmer e bëssen erop an erof war. Ech denken, datt et sech iwwert d'Zouverlässegkeet am Endeffekt entscheede wäert. Well Ferrari elo ëmmer nees de Motor muss wiesselen, kommen och Penalitéiten. Bei der Performance si se jo relativ gläich, op där enger Piste ass deen ee besser op där anerer deen aneren. Mä de méi laangen Otem huet um Endeffekt de Max.
Lo ass awer emol nach de Weekend, deen elo kënnt, de Grousse Präis vun Ungarn zu Budapest. Virun 12 Méint hat do ganz iwwerraschend den Esteban Ocon op Alpine säi éischten a bis dato eenzege Grand Prix gewonnen. Ob Ungarn e gutt Omen fir Aston Martin ass, steet op engem anere Blat. Zejoert hu souwuel de Sebastian Vettel wéi och den Lance Stroll, aus ënnerschiddleche Grënn, de schwaarz-wäiss karéierte Fändel net gesinn.
An och déi 13. Course vun der Formel 1 Saison kënnt Dir nees Live bei eise Kolleegen vun Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee an um Internet op rtl.lu an op rtlplay suivéieren.