No 16 Joer an der Kinneksklass ass Schluss. De 4-fache Weltmeeschter Sebastian Vettel huet op Instagram matgedeelt, dass no dëser Saison Schluss ass.

De Pilot vun Aston Martin gouf tëschent 2010 an 2013 véier-mol Weltmeeschter. Zäitgläich ass hien och dee jéngste Weltmeeschter aus der Formel-1-Geschicht. Insgesamt ass de 35 Joer alen Däitschen 289 Coursen fir Aston Martin, Ferrari, Red Bull, Torro Rosso a BMW Sauber gefuer.

Instagram - Video

Am Video erkläert de Vettel, dass hie sech elo op seng aner Passioune wäert konzentréieren. Hie wier Papp vun 3 Kanner a Mann vun enger wonnerbarer Fra. Hie géif d'Zäit mat der Famill genéissen, an dat wier net méiglech, wann e weider an der Formel 1 géif bleiwen. Seng Ziler hätte sech geännert, fort vum gewannen a vu Course fueren. Hie wéilt dobäi sinn, wa seng Kanner eruwuessen.

De Mike Krack, Lëtzebuerger Teamchef vun Aston Martin, erkläert an engem Pressecommuniqué, dass de Vettel dem Team sécherlech wäert feelen. D'Team hätt enorm vu senger Erfarung a sengem Knowhow profitéiert, a wäert dat och nach an Zukunft maachen. Wann d'Ecurie kompetitiv géif ginn, da wier de Vettel ee vun den Architekte gewiescht, deen dat méiglech gemaach hätt.

Nach e Mëttwoch war d'Ecurie gudder Déng, datt de Vettel bei Aston Martin géif verlängeren. "Ech hoffe ganz, datt hie bei eis bleift" sot de Mike Krack am Podcast "Beyond the Grid". "Mir wësse ganz genau, wat fir een Diamant mir do hunn. [...] Hien huet nach Jore viru sech, an deenen hie Erfolleger ka feieren, wann hien en Auto huet, deen dat erlaabt." Aktuell hätt de Vettel deen Auto awer net, esou de Lëtzebuerger Teamchef vun Aston Martin.

Tweet F1

Tweet Hamilton

Tweet Ben Sulayem