Virschau op de Grousse Präis vun Ungarn

De Sebastian Vettel huet säi Récktrëtt ugekënnegt, de Charles Leclerc wëll seng Feeler nees guttmaachen an de Max Verstappen huet e grousse Virsprong.
Virun der Summerpaus gëtt et lo de Weekend an der Formel 1 nach emol richteg hëtzeg. Um Hungaroring zu Budapest well den Charles Leclerc nom Drama vun Le Castellet mat engem positiven Erliefnis an d'Vakanz. Ma am Virfeld vum Grousse Präis vun Ungarn, huet awer d'Nouvelle dominéiert, datt de 4-fache Weltmeeschter Sebastian Vettel um Enn vun der Saison e Schlussstréch ënnert seng exzeptionell Karriär zitt.
2007 huet d'Karriär vum Sebastian Vettel bei Sauber ugefaangen, deemools mam Lëtzebuerger Chef-Renningenieur Mike Krack. Lo geet d'Karriär also um Enn vum Joer zu Abu Dhabi no 299 Grand Prixen, 4 Weltmeeschtertitelen an 53 Victoiren an der Kinneksklass aus dem Automobilsport bei Aston Martin op en Enn, mam Teamchef Mike Krack. Am Ufank vun der Saison hunn déi zwee sech no laangen Joren erëmfonnt:
Mike Krack: Mir hunn eis gutt verstanen, mir sinn Allenzwee e bësse méi al ginn an Tëschenzäit. Du brauchs jo och Vertrauenspersounen.
De Sebastian Vettel selwer huet jo kee Geheimnis draus gemaach, datt hie seriö géif driwwer nodenken um Enn vun der Saison opzehalen, dozou den RTL Formel-1-Commentateur Serge Pauly.
Serge Pauly: Mä um Castellet virun enger Woch konnt ee sech nach Hoffnungen maachen, datt hien nach eng Saison drun hänkt. Dem Vettel säi Papp gëtt an engem Interview mat eisen däitsche Kolleegen zitéiert, datt den G.P. zu Spielberg den Ausschlag ginn hätt, well den Aston Martin do guer net kompetitiv gewiescht wär.
Am Moment huet ee sech bei Aston Martin nach net decidéiert, ob een d'nächst Saison nieft dem Lance Stroll, dem Fils vum Besëtzer Lawrence Stroll, e Routinier an de Cockpit setzt, wéi zum Beispill e Daniel Ricciardo, oder awer méi engem jonke Pilot, à la Mick Schumacher, eng Chance gëtt. D'Chancë stinn net schlecht, datt et dëse Weekend emol nees bei deene Roude vu Ferrari besser kéint goen, wéi zum Deel an de leschte Wochen. Ma och Mercedes gëtt nees méi staark.
Serge Pauly: De Charles Leclerc war no senger Sortie um Le Castellet jo moralesch ugeschloen. Hien huet sech dunn och déi lescht Deeg komplett zeréckgezunn. Do ass d'Fro, ass en rëm mental fit, well um Circuit ass Ferrari am Virdeel, um Hungaroring ass d'Traktioun besser, an do wësse mer, ass Ferrari besser.
Am Weltmeeschterschaftsklassement huet de Red Bull Pilot Max Verstappen de leschte Weekend a Frankräich seng Avance op der Charel Leclerc vun 38 op 63 Punkten ausgebaut. Egal wéi et zu Budapest ausgeet, de Weltmeeschter aus Holland geet no 13 Courssen méi berouegt an d'Summerpaus wéi säi grousse Rival op Ferrari.