Drive it Out: Campagne fir méi Respekt

An de soziale Medien an och op den Tribüne gi F1-Fans net ëmmer ganz respektvoll mateneen ëm. D'F1-Direktioun an d'Pilote reagéiere mat engem Videomessage.
An der Formel 1 dréint sech alles ronderëm Kompetitivitéit a Rivalitéit, esou de F1-Chef Stefano Domenicali. Mä dës Rivalitéit soll am néidege Respekt ausgedroe ginn, fuerderen duerno déi 20 Piloten. Si si sech eens: egal, ob ënnerteneen oder vis-à-vis vun de Piloten, egal ob am richtege Liewen oder op de sozialen Netzwierker, sollen d'Fans respektvoll mateneen ëmgoen a Beleidegungen ënnerloossen. Mir kënnen net déi gewäerde loossen, déi aner Leit beleidegen, esou de siwefache Weltmeeschter Lewis Hamilton. De FIA-President Mohammed Ben Sulayem fuerdert, dass respektloost Verhalen dem Sport ausgedriwwe (am engleschen «to drive it out») muss ginn.
Dëse Videomessage kënnt kuerz nodeems sech beim Grousse Präis vun Éisträich relativ vill Fans beschwéiert hunn, dass si sexistesch, homophob a rassistesch beleidegt gi wieren. D'Pilote stéiere sech och dorunner, dass d'Fans wuel ëmmer méi radikal ginn. Wou de Lewis Hamilton an der Quali zu Spielberg an d'Leitplanke geschloen ass, hu vill hollännesch Fans sech lëschteg iwwert hie gemaach. Wou de Max Verstappen no der Quali zu Silverstone interviewt soll ginn, huet hien d'Froen net verstanen, well déi brittesch Fans hien ausgebuut hunn. An no der mouvementéierter Finall vun Abu Dhabi krut net nëmmen de Max Verstappen Menacen, mä och de Williams-Pilot Nicolas Latifi, dee mat senger Sortie den ëmstriddene Safetycar iwwerhaapt eréischt ausgeléist huet.