Nodeems de Sebastian Vettel d'lescht Woch säi Récktrëtt annoncéiert huet, ass et elo d'Nouvelle, dass hie vum Fernando Alonso wäert ersat ginn.

Den Alonso ass jo aktuell bei Alpine ënner Kontrakt. Vun 2023 u wiesselt hien da bei Aston Martin, wou hien e Kontrakt fir e puer Joer ënnerschriwwen huet. Wéi laang de Kontrakt soll lafen, ass net bekannt.

Den Alonso freet sech op d'Erausfuerderung an e wier nach ëmmer hongereg op Erfolleg. E wéisst, dass et nach e wäite Wee wier, bis ee mat Aston Martin ëm Victoirë fuere kéint, ma hie géif awer eng Méiglechkeet gesinn, déi sech fir hie richteg ufillt.

De Spuenier ass 2-fache Weltmeeschter a mat 41 Joer deen eelste Pilot am Starterfeld. E brécht dës Saison och de Rekord als Fuerer mat de meeschte Grand Prixen. Den Alonso fiert domat d'nächst Saison nieft dem Lance Stroll, dem Fils vum Besëtzer vun der Ecurie, Lawrence Stroll. Bei Alpine dierft domat Plaz gi si fir de jonken australeschen Nowuespilot Oscar Piastri.