Virschau op de Grousse Präis vun der Belsch

No 4 Woche Summerpaus geet d'Formel 1 dëse Weekend nees mam Grousse Präis vun der Belsch weider.
No dem Reen-Fiasko d'lescht Joer, däerf een och dëse Weekend gespaant sinn, wéi een Afloss d'Wieder op d'Course hëlt. Dobäi komme verschidde Verännerungen un der Streck, déi de Verlaf vun der Course kënne beaflossen.
De legendäre Circuit zu Spa huet sech iwwert déi Joren vill verännert. Nieft der Piste gouf dëst Joer eng nei Tribüne um "Raidillon" gebaut, vun wou aus een eng spektakulär Vue iwwert d'"Eau Rouges" huet. Fir datt een nach méi séier duerch dës berüümte Kéier fuere kann, gouf do neie Makadamm geluecht. Op verschidde Plaz ronderëm de Circuit goufen et awer och weider Adaptatiounen.
Dozou den RTL-Formel-1-Commentateur Serge Pauly: "Op verschiddene Plazen ronderëm de Circuit koumen elo Kräsi-Backe bäi, also méi Kiselsteng wéi an der Vergaangenheet. Dat heescht, et muss ee lo erëm op d'"Track Limits" oppassen, well wann een ze wäit rausfiert, da kënnt een an déi Backen eran an et gëtt een direkt bestrooft. Doduerch kommen och vill Kiselsteng op d'Pist, wouduerch d'Streckeposten deemno méi kiere musse wéi an der Vergaangenheet. Mol kucken, ob dat net zu der enger oder anerer Ënnerbriechung féiere wäert."
Déi grouss Iwwerraschungstut zu Spa-Francorchamps ass wéi ëmmer d'Wieder. Nom Reen-Fiasko d'lescht Joer, hofft een natierlech, datt dëst Joer alles reiwungslos ofleeft. Um Mediendag en Donneschdeg, hunn d'Piloten nach mat waarmen Temperature misse kämpfen. Dat soll sech awer fir de Weekend änneren.
Vu Spa, den RTL-Formel-1-Commentateur Tom Hoffmann: "Fir de Weekend gesäit et lo sou aus, datt et fir e Sonndeg relativ gutt wäert ginn, allerdéngs bei net grad agreabelen Temperaturen. Do schwätze mir vun 19 Grad, well et jo e Freideg wäert reenen, wäerten d'Temperaturen net méi bei deene Graden schwiewen, déi mir haut haten. Woubäi et dann natierlech méi agreabel gëtt. Natierlech gëtt dat och méi agreabel fir d'Pneuen, well mir wësse jo, datt et e Circuit ass, deen de schwaarze Pirelli-Pneuen relativ vill ofverlaangt."
Ganzer sechs Fuerer hu Verännerunge un hiren Autoe virgeholl a wäerten vu ganz hannen un den Depart goen. Dorënner och de Weltmeeschter Max Verstappen an de Charles Leclerc. Den Tom Hoffmann huet sech d'Ferrari-Piloten am Paddock bësse méi genau ugekuckt.
Tom Hoffmann: "Wann een duerch de Paddock getrëppelt ass, dann huet de Charles Leclerc an de Carlos Sainz gesinn, deenen hir Kierpersprooch war lo net wierklech positiv. Et mierkt een awer schonn, datt se bëssen iwwerrascht sinn, enttäuscht sinn iwwert de Verlaf vum éischten Deel vun der Saison. Ech hunn iergendwéi d'Gefill, wéi wann déi net méi zu 100 Prozent dru gleewen oder einfach net wëssen, wéi se dee Momentum, dee Red Bull momentan huet, kéinte béien."
Am Weltmeeschterschaftklassement huet de WM-Leader Max Verstappen 80 Punkten Avance op de Charles Leclerc. Och an der Constructiounswäertung läit Red Bull mat 97 Punkten kloer viru Ferrari.