De WM-Leader Max Verstappen ass zwar déi séierste Ronn gefuer, ma et ass awer de Carlos Sainz, deen e Sonndeg vun der 1. Positioun fortfiert.

Schonn am Viraus krute mam Max Verstappen, Charles Leclerc, Lando Norris, Valtteri Bottas, Zhou Guanyu, Mick Schumacher an Esteban Ocon siwe Pilote wéinst Changementer um Motto Strofen a mussen dowéinst e Sonndeg vun hanne starten. Wéi genau d’Reiefolleg do op de leschte Plaze wäert ausgesinn, ass allerdéngs nach net kloer.

Et war de Max Verstappen, deen am Q3 mat Ofstand de séierste war, ma wéinst der Strof vum Red-Bull-Pilot ass et awer de Carlos Sainz op Ferrari mat der zweetséierster Zäit, dee vun der Pole Position start, dat nieft dem Sergio Perez. Aus der zweeter Rei fueren den Alpine-Pilot Alonso an den Hamilton op Mercedes fort, dat virum Russell an dem Albon.

Den Depart vum Grousse Präis vun der Belsch ass e Sonndeg um 15 Auer. Vu 14 Auer u kënnt Dir op der Tëlee, op RTL.lu an um RTL Play live mat dobäi sinn.

Am Q1 war de Qualifying fir de Valtteri Bottas, de Yuki Tsunoda an de Kevin Magnussen eriwwer. Och de Nicholas Latifi an de Sebastian Vettel hunn den Auto nees missen ofstellen.

Fir de Mick Schumacher an de Lance Stroll war et dunn am Q2 fäerdeg. Och den Zhou Guanyu, de Pierre Gasly an den Daniel Ricciardo hunn et net an de Q3 gepackt. Den Alex Albon op Williams ass dogéint fir déi éischte Kéier dës Saison ënner déi éischt 10 gefuer.

Am leschten Tuer war dunn zwar de Max Verstappen de séiersten, ma opgrond vun de Mottostrofen ass et awer de Carlos Sainz op Ferrari, deen e Sonndeg vun der Pole Position start. Nieft him ass et de Sergio Perez op Red Bull, op de Plazen 3 a 4 starten iwwerdeems de Fernando Alonso (Alpine) an de Lewis Hamilton (Mercedes).

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 ROLEX BELGIAN GRAND PRIX 2022

Resultater Belsch

D'WM-Wäertung

WM-Klassement

De Kalenner vun der Saison 2022

© RTL