Vu P14 op P1: De Max Verstappen gewënnt zu Spa-Francorchamps

© AFP
De Weltmeeschter ka sech virum Sergio Pérez um zweete Red-Bull an dem Ferrari Pilot Carlos Sainz duerchsetzen. De Lewis Hamilton huet missen opginn.
Obwuel de Max Verstappen vun der 14. Plaz an d'Course gaangen ass, war hie mat Ofstand de beschten a séierste Fuerer zu Spa. Et huet keng 18 Ronne gedauert, dunn huet de Weltmeeschter sech un d'Spëtzt gesat. Sou gewënnt den Hollänner an der Belsch viru sengem Equipier Sergio Pérez. De Lewis Hamilton huet no enger Beréierung mam Fernando Alonso an der 1. Ronn säin Auto missen ofstellen. De Mick Schumacher klasséiert sech op der 17. Plaz.
An enger hektescher Ufanksphase sinn d'Spectateuren direkt op hier Käschte komm. Un der Spëtzt konnt de Carlos Sainz seng 1. Plaz verdeedegen. Beim Versuch de Fernando Alonso ze iwwerhuelen hu sech de Lewis Hamilton an den Spuenier beréiert. Kuerz dorop huet de Mercedes Pilot d'Course missen opginn.

© AFP
Hannen am Feld war no engem Crash Schluss fir de Nicholas Latifi an de Valtteri Bottas. De Max Verstappen huet dogéint an der 1. Ronn direkt 6 Plaze konnte gutt maachen, an huet sech vun der 14. Plaz op déi 8. no vir geschafft.
An der 12. Ronn huet de Max Verstappen de Sergio Pérez iwwerholl a louch fir eng éischte Kéier an der Course un der Spëtzt, dat awer och well de Carlos Sainz kuerz virdrun an d'Box gefuer ass fir seng Pneuen ze wiesselen. Nodeems och de Weltmeeschter an der Box war, louch de Carlos Sainz nees virum Max Verstappen an dem Sergio Perez. An der 18/44 Ronne war et dunn awer esou wäit, an den Hollänner huet déi 1. Plaz vum Ferrari Pilot iwwerholl. Kuerz dorop huet de Sainz och deen zweete Red Bull Pilot misse laanscht zéie loossen.
Dono ass net méi all ze vill geschitt a Red-Bull huet d'Course dominéiert. Hannendrun huet de George Russell Drock op de Carlos Sainz gemaach, sollt et awer net fäerdeg brénge fir nach op de Podium ze fueren an fiert op déi 4. Plaz. Op déi 5. Plaz klasséiert sech de Fernando Alonso, dat virum Charles Leclerc.
Wéi och kuerz virun der Course vun offizieller Säit confirméiert ginn ass, wäert och 2023 d'Formel 1 zu Spa op Besuch sinn.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.