U sech sollt de Rapport schonn e Mëttwoch verëffentlecht ginn, ma dat gouf op den Dag nom Grousse Präis vu Japan verluecht.

Zanter e puer Deeg ass d'Opreegung am Formel-1-Zirkus jo grouss, wat dee sougenannte Budgetsdeckel ugeet. 2 Ecurië sollen d'lescht Saison d'Limitt vun 148 Milliounen Dollar iwwerschratt hunn. Et gëtt spekuléiert, datt et sech ëm Red Bull an Aston Martin handelt.

De Rapport vun der internationaler Automobilsportfederatioun FIA sollt u sech de leschte Mëttwoch erauskommen. Dat ass awer elo op e Méindeg, den Dag nom Grousse Präis vu Japan verluecht ginn, dozou den RTL-Formel-1-Commentateur Serge Pauly:

Extrait Serge Pauly

Dat deit drop hin, datt et effektiv kee ganz einfachen Dossier ass, an datt et bei där enger oder anerer Ecurie Klärungsbedarf gëtt. Déi ganz Geschicht, an dat stellt sech och ëmmer méi eraus, ass extrem komplex. Dee ganze Prozess, do muss da jugéiert ginn, falen elo Depensen ënnert de Budgetsdeckel oder net. Ee Beispill erausgepickt notamment vu Red Bull, do géifs sech elo bei verschidden Depensen d'Fro stellen, war dat elo fir den Opbau vum neie Motorendepartement Red Bull Power Trains oder waren et awer Depensen, déi mat der Entwécklung vum aktuellen Auto ze dinn hunn. Do muss wuel nach vill tranchéiert ginn, diskutéiert ginn. Do ginn et wuel vill Grozonen.

Dëse Weekend ass jo de Grousse Präis vu Japan. De Weltmeeschter Max Verstappen kéint zu Suzuka fréizäiteg säin Titel verdeedegen. Op RTL kënnt Dir wéi gewinnt nees live mat dobäi sinn.