Carlos Sainz séchert sech zu Austin d'Pole Position

© AFP
Den alen an neie Weltmeeschter Max Verstappen start mat sengem Red Bull beim Grousse Präis vun den USA als Zweeten.
De Formel-1-Weltmeeschter Max Verstappen huet zwou Wochen no senger erfollegräicher Titelverdeedegung déi gewinnt Dominanz vermësse gelooss. Den Hollänner (1:34,448 Minutten) ass am Qualifying fir de Grousse Präis vun den USA zu Austin déi drëttbescht Zäit hannert dem Ferrari-Duo Carlos Sainz (1:34,356) a Charles Leclerc (1:34,421) gefuer. Fir de Sainz ass et déi drëtte Pole a senger Karriär.
De Verstappen start nawell aus der éischter Startrei. De Leclerc muss an der Startopstellung 10 Plazen zeréck op 12, well bei sengem Ferrari eng Komponent huet misse getosch ginn.
Aus der zweeter Rei starten e Sonndeg den Owend déi zwee Mercedes-Pilote Lewis Hamilton an George Russell. De Sergio Perez um zweete Red Bull war am Qualifying déi véiertbescht Zäit gefuer, ma hie muss 5 Startplazen zeréck a geet domadder vun der 9. Plaz aus an d'Course.
Mat enger weiderer Victoire an der Course e Sonndeg um 21 Auer eiser Zäit géif de Verstappen Red Bull och den Titel an der Constructeurs-WM sécheren. Donieft géif den Hollänner de Rekord fir déi meescht Victoiren an enger Saison vum Michael Schumacher an dem Sebastian Vettel (allenzwee 13) egaléieren.
Kuerz virum Start vum Qualifying hat d'Noriicht vum Doud vum Dietrich Mateschitz de Paddock erreecht. Den Éisträicher ass am Alter vun 78 Joer no laanger Krankheet gestuerwen.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.