Red-Bull-Grënner Dietrich Mateschitz gestuerwen

© AFP (Archiv)
De Red-Bull-Grënner Dietrich Mateschitz ass dout. Den éisträichesche Milliardär ass am Alter vun 78 Joer gestuerwen.
D'Entreprise fir Energie-Drinks huet e Samschdeg den Owend den Doud vum Dietrich Mateschitz offiziell matgedeelt.
Um Bord vum Grousse Präis vun den USA an der Formel 1 huet och de Motorsportchef vu Red Bull Helmut Marko den Doud confirméiert.
"Mir woussten, datt hien an engem schwierege gesondheetlechen Zoustand war", sou de Marko bei "Sky": "Nodeems et elo agetrueden ass, ass et trotzdeem net gräifbar, datt eng sou grouss Perséinlechkeet ofgetrueden ass." De Mateschitz wier "eemoleg" gewiescht, "mä hie war ee bescheidene Mënsch".
Éisträichesche Medien no ass de Mateschitz, dee sech net vill an der Ëffentlechkeet gewisen huet, u Kriibs gestuerwen. Hien hannerléisst ee Jong.
De Mateschitz huet e groussen Deel vu sengem Verméigen an de Sport investéiert, virun allem an d'Formel 1 an a verschidde Futtballekippe wéi RB Leipzig oder Red Bull Salzburg.