Max Verstappen wënnt a séchert Red Bull d'Constructeurs-Meeschterschaft
De Podium komplettéiert hunn de Lewis Hamilton (Mercedes) an de Charles Leclerc (Ferrari).
Et war e Sonndeg den Owend e spannende Grousse Präis vun den USA zu Austin am Texas. Um Enn stoung den alen an neie Weltmeeschter Max Verstappen nees ganz uewen um Podium. Mat senger Victoire huet den Hollänner Red Bull och den Titel an der Constructeurs-Meeschterschaft geséchert. An der véiertleschter Course vun der Saison hunn de Lewis Hamilton op Mercedes an de Charles Leclerc op Ferrari de Podium komplettéiert.
Direkt um Depart hat sech de Max Verstappen un d'Spëtzt gesat. Fir de Polesetter Carlos Sainz war d'Course dogéint séier gelaf. Hie gouf vum George Russell ofgeschoss an huet d'Course missen opginn.
Spannend ass et dunn awer nach eng Kéier vun der 36. Ronn u ginn. Hei ass nämlech e Boxestopp vum Verstappen mëssgléckt an den Hollänner ass zeréckgefall. Hien huet duerno allerdéngs gekämpft a konnt sech nees laanscht de Charles Leclerc op Ferrari an de Lewis Hamilton op Mercedes kämpfen.
Duerch säi Succès huet den Hollänner de Rekord fir déi meescht Victoiren an enger Saison vum Michael Schumacher an dem Sebastian Vettel (allebéid 13) egaliséiert. Dräi Coursse bleiwen elo nach an dëser Saison ze fueren. D'Chancë stinn deemno gutt, fir dëse Rekord nach ze briechen.
Méi spektakulär war dann nach een Accrochage tëscht dem Lance Stroll an dem Fernando Alonso. De Spuenier war dem Stroll hannendrop gerannt a liicht ofgehuewen. Fir den Aston-Martin-Pilot war d'Course duerno eriwwer. Den Alonso konnt weider fueren.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.