Mexikanesch Victoire fir Perez oder e Rekord fir Hamilton respektiv Verstappen?

© AFP
De Max Verstappen ass alen an neie Formel-1-Weltmeeschter, Red Bull konnt d'Serie vun aacht WM-Titelen hannertenee vu Mercedes briechen.
An awer bleiwe fir déi dräi lescht Coursse vun der Saison nach e puer Froen ze klären. Eng dovun ass, ob de Verstappen de Rekord brécht mat de meeschte Victoiren an enger Saison, an déi aner ass zum Beispill, ob de Sergio Perez et als éischte Mexikaner packt, bei sengem Heem-Grand Prix ganz uewen um Podium ze stoen.
Dëse Weekend steet nämlech mam Grousse Präis vun Mexico-City déi 20. Manche vun der Formel 1 Weltmeeschterschaft um Programm. Bei 21 Editioune geet dat bescht Resultat vun engem Mexikaner eben op de Compte vum Sergio Perez, deen zejoert den Drëtte gouf. De Red-Bull-Pilot fiert och aktuell seng beschte Saison a senger Karriär mat Victoiren zu Monaco an zu Singapur. Also firwat sollt et dëse Weekend net klappen mat engem Succès um Autódromo Hermanos Rodrigues, dozou den RTL-Formel-1-Commentateur Serge Pauly.
Natierlech ass e besonnesch motivéiert, virun eegenem Publikum ze brilléieren. D'Red-Bull-Ënnerstëtzung ass och sécher, d’Team wäert d'Strategie éischter op Perez wéi op de Verstappen ausriichten, well de Mexikaner nach géint de Leclerc ëm de Vizechampionstitel kämpft an dësen Doublé fir Red Bull wär extrem wichteg.
De Max Verstappen ka bei enger ganz anerer Statistik de Rekord briechen an zwar déi mat de meeschte Victoiren an enger Saison: Deen huet am Texas seng 13. Course fir dës Saison gewonnen an ass domadder mam Michael Schumacher a mam Sebastian Vettel gläich gezunn. Déi hunn 2004 respektiv 2013 och 13 Courssen an enger Saison gewonnen. Nach eng Victoire da kéint de Verstappen do Geschicht schreiwen.
Et muss ee soen, dass déi Victoiren vläicht méi wäert sinn, well deemools nach manner Coursse gefuer goufen.
Awer och de Lewis Hamilton kéint sech eleng un d'Spëtzt vun enger Rekordlëscht setzen. Bis elo huet de Rekordweltmeeschter a sengen 15 Saison, déi hie gefuer ass, op d'mannst ëmmer eng Course gewonnen, an ass domat gläich mam anere Rekordweltmeeschter Michael Schumacher. Dës Saison stoung den 37 Joer ale Mercedes-Pilot awer nach net ganz uewen um Podium:
Den Toto Wolff seet: "Eisen Auto ass onberechenbar, eng Virwëtztut. Keng Anung, wat a Mexiko dran ass." Eng Victoire ass net ausgeschloss, awer och net garantéiert. Wann, dann éischter zu Sao Paulo, e Circuit an eng Course, déi dem siwefache Weltmeeschter einfach extrem gutt leien.
De 4,3 Kilometer laange Circuit vun Mexico-City gëtt op jiddwerfalls nees eng interessant Erausfuerderung fir d'Formel-1-Boliden, seet de Serge Pauly. Dat Speziellt um Autódromo vu Mexico-City ass, dass d’Stad op iwwer 2.200 Meter läit. D’Loft ass dënn, et sinn einfach manner Sauerstoff-Molekulen an der Loft, an dat huet grouss Repercussiounen op d’F1-Technik. Ugefaange mam Verbrenner-Motor: deen huet manner Leeschtung. Et geet weider mat der Killung… Undriff, Bremsen, alles wat waarm gëtt, riskéiert ze iwwerhëtzen.
Zejoert konnt sech de Max Verstappen virum Lewis Hamilton an dem Sergio Perez duerchsetzen. Red Bull wäert alles versichen, fir dëst Kéier den Doublé ze feieren, dann awer vläicht mat engem Mexikaner, deen de schwaarz-wäiss-quartéierte Fändel no 71 Tier als éischte gesäit.
Op RTL kënnt Dir wéi gewinnt de ganze Weekend live bei der Formel 1 dobäi sinn.