Nodeems Red Bull an Aston Martin reprochéiert kruten, sech 2021 net un d'Finanzreegele gehalen ze hunn, ass elo gewosst, wéi béid Ecurië bestrooft ginn.

D'Ecurie vum Weltmeeschter Max Verstappen kritt eng Geldstrof vu 7 Milliounen Dollar. Déi Zomm muss bannent den nächsten 30 Deeg iwwerwise ginn.

Donieft kréien d'Ingenieure vu Red Bull d'Zäit fir Aerodynamik-Tester am Wandkanal a fir CFD-Computersimulatioune fir déi nächst 12 Méint reduzéiert. Als Leader am Constructeurs-Championnat däerf Red Bull egal wéi scho manner Aerodynamik-Tester duerchféieren. Dat ass am Reglement esou festgeschriwwen, fir méi Chancëgläichheet tëschent den Ecurien ze garantéieren. Elo gëtt dee Koeffizient fir Red Bull nach emol vu 70 op 63 reduzéiert.

Tweet FIA

Virun allem d'Limitatioun vun den Aero-Simulatioune riskéiert Red Bull wéi ze doen. D'Méiglechkeeten, fir d'Aerodynamik vum 2023er Auto z'entwéckelen an ze verbesseren, sinn doduerch staark ageschränkt. Dat ass e seriöen Handicap fir den Adrian Newey a säin Design-Team. Et ass duerchaus méiglech, dass dës Strof dozou bäidréit, dass d'Dominanz vu Red Bull gebrach gëtt an dass Ferrari a Mercedes méi no eruréckelen.

Et wär och méiglech gewiescht, Red Bull oder de Pilote Punkten an der WM-Tabell 2021 ofzezéien. Dat hätt dem Max Verstappen eventuell säin éischte WM-Titel kaschte kéinten. D'FIA huet awer dorobber verzicht, d'Klassementer 2021 op d'Kopp ze dréinen.

Red Bull huet am Kader vun engem "Accepted breach agreement" zouginn, dass een d'Budgetsgrenz 2021 net respektéiert huet. Och d'Strofe gi vu Red Bull akzeptéiert, esou dass dës Affär elo am Prinzip klasséiert ass. An deem "ABA" ass och nozeliesen, wat Red Bull genee reprochéiert gëtt. Esou hätt d'Team vu Milton Keynes 2021 1,9 Millioune Pond (ëmgerechent ronn 2,2 Milliounen Euro) ze vill ausginn. D'Ausgabe vu Red Bull leien domadder 1,6 Prozent iwwert dem Budgetsdeckel.

Tweet F1

D'FIA hat kontestéiert, dass Red Bull verschidde Fraise falsch deklaréiert huet, beispillsweis d'Käschte fir de Catering, d'Paien an d'Boni vu bestëmmte Mataarbechter, d'Bezuele vu Stagiairen, d'Entschiedegunge fir Mataarbechter, déi gekënnegt kruten, d'Käschte fir Stroum-Aggregater oder Refacturatiounen tëschent dem Rennteam an dem neie Motoren-Departement Red Bull Powertrains.

Aston Martin: 450.000 Dollar wéinst Formfeeler

Och Aston Martin war an d'Viséier vun de Finanzkontrolleure geroden. Och d'Ecurie vum Sebastian Vettel hat divers Käschten net esou verbucht, wéi dat eigentlech vum Finanzreeglement virgesinn ass. Nodeems d'FIA den Aston-Martin-Decompte nei sortéiert hat, blouf den Total awer nach ëmmer ënnert der virgeschriwwener Budgetsgrenz. Esou dass Aston Martin nëmmen e "prozedurale Feeler" reprochéiert kritt. Dëse Formfeeler kascht Aston Martin 450.000 Dollar. Och an dësem Fall goufe Beschëllegten a FIA sech am Kader vun engem "Accepted breach agreement" eens, esou dass och dës Affär definitiv ofgeschloss ass.

Tweet FIA on AMR

Tweet F1 on AMR