14 Courssen an enger Saison gewonnen, dat ass nach kengem Fuerer virum Max Verstappen gelongen. Um Podium stinn nach de Lewis Hamilton an de Sergio Perez. 

An der drëttleschter Course vun der Saison war kee Kraut gewuess géint den aktuelle Weltmeeschter Max Verstappen. Nodeems den Hollänner e Samschdeg am Qualifying de séierste war, huet dat och fir d'Course gegëllt. De Red-Bull-Pilot gewënnt viru frenetesche Spectateuren am Autodrómo Hermanos Rodriguezde virum Lewis Hamilton. De Lokalmatador Sergio Perez fiert op déi 3. Plaz. Hannendru klasséieren sech de George Russell an de Carlos Sainz. A sengem 100 Grand Prix fiert de Charles Leclerc mat sengem Ferrari op déi 6. Plaz, virum Daniel Ricciardo.

De Max Verstappen ass excellent fort komm a huet seng 1. Plaz verdeedegt. Hannendrun huet de George Russel direkt 2 Plaze verluer. Souwuel de Lewis Hamilton wéi och de Sergio Perez si laanscht de Britt gezunn. Am hënneschte Feld konnt de Lance Stroll sech vun der 20 op déi 15 Plaz no fir schaffen. Bis zu deenen éischte Boxestopps ass net all ze vill passéiert. D'Fuerer hate quasi all Problemer mam Gripp vun de Pneuen.

An der 24. Ronn ass de Sergio Perez an d'Box komm. Säi Stopp ass awer net ideal verlaf. Doduerch huet de Mexikaner wäertvoll Sekonne verluer. Nees zeréck op der Streck, ass de Lokalmatador dunn awer ouni Problemer laanscht de Ferrari-Pilot Charles Leclerc gezunn. De Lewis Hamilton ass e puer Ronnen nom Max Verstappen an d'Box komm, den Undercut sollt dem Sir Lewis awer net geléngen. Et war virun allem eng Course fir d'Strategie Frënn.

No engem Crash vum Yuki Tsunoda mam Daniel Ricciardo war d'Course fir de Japaner eriwwer. Den Daniel Ricciardo huet sengersäits an der Schlussphase nom Iwerhuelmanöwer géint Ocon an Alonso wichteg Punkte fir McLaren agefuer. Kuerz dorop huet den Alonso säin Auto no engem Motorschued missen ofstellen.

Un der Spëtzt huet de Sergio Perez huet wuel nach emol versicht de Lewis Hamilton vun der zweeter Plaz ze verdrängen, et sollt dem Mexikaner awer net méi geléngen, sou dass de Max Verstappen virum Lewis Hamilton an dem Sergio Perez gewënnt. Et ass seng 34. Victoire a senger Karriär.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2022

Resultater Mexico-City

D'WM-Wäertung

WM-Klassement

De Formel-1-Podcast: Undercut

De Kalenner vun der Saison 2022

© RTL