Zesumme mam Mike Krack, Teamchef vun Aston Martin

© CARL DE SOUZA / AFP
D'Formel-1-Saison geet esou lues op en Enn. déi nächst zwee Weekender ass d'Kinneksklass aus dem Automobilsport awer nach eng Kéier richteg gefuerdert.
D'nächst Woch ass et den Ofschloss mam Grousse Präis vun Abu Dhabi. Fir dëse Weekend geet et schonn e Freideg mat der Qualifikatioun fir de Grousse Präis vu São Paulo lass.
Bei dësem decidéiert sech dann d'Startopstellung fir d'Sprint-Course e Samschdeg. De Grand Prix ass wéi gewinnt um Sonndeg. Fir d'Formel-1-Supporter ass dat Format natierlech flott, well et dann iwwer dräi Deeg ëm eppes geet, sou den Teamchef vun Aston Martin, Mike Krack am RTL-Interview:"Jo ech denke schonn. Et ass natierlech eng gréisser Erausfuerderung fir d'Ecurië mat der Logistik a mat de Stécker. De Risk fir en Accident ass méi grouss. Dat Format kënnt eis awer entgéint, fir méi vir ze starten."
Och wann d'Sprintformat elo schonn a senger zweeter Saison ass, suergt et awer nach ëmmer fir e bëssen Diskussiounen am Formel-1-Zirkus. Deen optimalen Oflaf schéngt een awer nach ëmmer net fonnt ze hunn. Sou kënnt och ëmmer nees de Sujet op, ob een net de sougenannten "reversed grid" soll aféieren. Dat heescht, dee Séiersten op deem engen Dag géif als Leschten op deem aneren Dag fortfueren. De Mike Krack ass bei dëser Fro awer éischter skeptesch:
"Jo also ech denken, datt een dat Ganzt net ze vill soll verwässeren. De" reversed grid" wéi an der Formel 2 ass e bësse kënschtlech. Bei der Formel 1 ass ëmmer d'DNA gewiescht, datt dee Séierste vun der 1. Plaz fortfiert."
Amplaz vun de Sprint-Weekender, deenen hiren Oflaf relativ komplizéiert wier, huet de Mike Krack eng aner Iddi, fir d'Chancegläichheet tëscht den Ecurien nees ze erhéijen:
"Wat ech géif gutt fannen ass, datt een einfach seet, sou wéi beim Wand-Kanal, do kritt den éischte jo och just 70% vun der Zäit, datt een dat och géif mam "Budgetcap" maachen, datt den éischte manner däerf ausginn."
Zanter e puer Deeg ass de Sir Lewis Hamilton Éierebierger vu Brasilien. D'lescht Joer ass de Rekordweltmeeschter reegelrecht iwwert den Autodrome José Carlos Pace geflunn. Obwuel de 37 Joer ale Britt am Sprint vun der leschter Plaz gestart war, a beim Grand-Prix als 10. fortgefuer ass, konnt hien de Grousse Präis vu Brasilien eng drëtte Kéier gewannen.
Ob et fir de Lewis Hamilton duergeet, fir seng éischte Course vun der Saison am 21. vun 22 Grousse-Präisser ze gewannen, gitt Dir dëse Weekend nees um 2. RTL um Fernsee an am Stream op RTL.LU gewuer. D'Qualifikatioun ass e Freideg um 20.00 Auer. De Sprint mam Virprogramm fänkt e Samschdeg den Owend och kuerz no 20.00 Auer un, an de Grand-Prix mam Virprogramm geet dann e Sonndeg den Owend um 18.30 Auer lass.
D'fräi Trainingen sinn en Donneschdeg an e Freideg op RTL.LU an am RTL Play ze gesinn.