Et steet nees e Sprint-Weekend an der Formel 1 um Programm. Esou gëtt et e Freideg de Qualifying, e Samschdeg de Sprint an e Sonndeg d'Course.

D'Pilote sinn am Q3 op hir éischte Ronn gaangen, ma wärend si dobausse waren, huet et op eng Kéier hefteg ugefaangen, mat Reenen, esou datt de Russell eng Kéier net kritt hat an erausgeflunn ass. Domadder hat hien eppes liicht iwwer 8 Minutte viru Schluss e roude Fändel ausgeléist.

Ma no e puer Minutten gouf d'Seance nees relancéiert an de Kampf ëm d'Pole hätt kéinte weidergoen, dat awer elo mat däitlech méi Reen. D'Konditiounen op der Streck waren doduerch net méi gutt genuch, fir nach eng Kéier eng Beschtzäit ze fueren, esou datt kee Pilot et méi probéiert huet. Kuerz no 21 Auer war et du kloer, datt de Kevin Magnussen a sengem Haas et op d'Pole gepackt huet, well hie virum Crash vum Russell déi beschten Zäit vun all de Piloten higeluecht hat. Fir de Magnussen an och fir Haas war dëst déi éischte Poleposition an der Karriär.

Op d'Plaz 2 kënnt de Verstappen an de Russell op 3. Dohannert dann den Norris (4), Sainz (5), Ocon (6), Alonso (7), Hamilton (8), Perez (9) a Leclerc (10)

Net mat ëm Poleposition kämpfen konnten den Albon (11), Gasly (12), Vettel (13), Ricciardo (14) a Stroll (15), well si am Q2 erausgeflu waren.

Am Q1 goufe de Latifi (16), Zhou (17), Bottas (18), Tsunoda (19) a Schumacher (20) eliminéiert.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 HEINEKEN GRANDE PRÉMIO DE SÃO PAULO 2022

Resultater Sao Paulo

D'WM-Wäertung

WM-Klassement

De Formel-1-Podcast: Undercut

De Kalenner vun der Saison 2022

© RTL