Et hat sech ugedeit, elo ass et offiziell. An der Formel 1 geet den Daniel Ricciardo zeréck bei Red Bull.

Hie gëtt drëtte Fuerer, also den Ersatz fir de Weltmeeschter Max Verstappen an de Sergio Perez. De Ricciardo hat Red Bull 2018 verlooss a krut no dëser Saison bei McLaren keen neie Cockpit an der Formel 1.