D'Formel 1 hat schonns am Hierscht confirméiert, datt et fir d'Saison 2023 sechs Sprintcoursse géif ginn, elo ass och gewosst wou.

Deemno huet d'Formel 1 e Mëttwoch annoncéiert, datt zu Baku (Aserbaidjan), Spielberg (Éisträich), Spa (Belsch), Losail (Katar), Austin (USA) a Sao Paulo (Brasilien) e Sprint gefuer gëtt. Deemno si Baku, Spa, Losail an Austin nei mat dobäi, iwwerdeems zu Imola kee Sprint méi gefuer gëtt.

Bei der Auswiel vun de Circuite goung et der Formel 1 virun allem drëms, eng gutt Show fir d'Spectateuren ze garantéieren.

De Formel-1-Chef Stefano Domenicali sot, et hätt ee wärend den éischten zwou Saisonen enorm positiv Reaktiounen op d'Sprintcoursse kritt, dowéinst géing ee sech elo op ganzer sechs Sprinte freeën.

Donieft huet d’Formel 1 den Zäitplang fir déi 23 Coursse verëffentlecht. Bei den europäesche Grand-Prixen ass d’Qualifikatioun wéi bis elo normalerweis um 16 Auer, an den Départ vun der Course ass wéi  gewinnt um 15 Auer. Dräi mol mussen d’Fans fréi opstoen, an zwar fir d’Courssen an Australien, Japan an och Las Vegas. De Vegas-Spektakel ass um Samschdegowend Lokalzäit, dat ass bei eis Sonndesmoies um 7 Auer.
Hei fannt Dir de kompletten Zäitplang fir alleguer d’Séancë mat Lëtzebuerger Auerzäiten.

Keng Nouvelle gëtt et, wat den Ersatz vum annuléierte China-Grand-Prix ugeet. Offiziell sicht d’Formel 1 nach ëmmer no enger Alternativ, hannert de Kulissen héiert een, dass Istanbul a Portimao Favorit wären, fir den F1-Zirkus um 16. Abrëll z’empfänken.