De Fransous verléisst Alfa Romeo am Januar a gëtt da bei Ferrari net just Teamchef ma och General Manager.

Et ass eng richteg lass um Transfertmaart an der Formel 1 bei den Teamcheffen. Elo ass et offiziell, de Fréderic Vasseur wiesselt vun Alfa Romeo bei d'Scuderia Ferrari. Déi Spekulatioun hat sech jo an de leschten Deeg ëmmer méi konkretiséiert. De 54 Joer ale Fransous gëtt domat Successeur vum Mattia Binotto, deen d'Ecurie jo verlooss huet. Et heescht, datt de Vasseur dem Monegass Charel Leclerc de Status vun der Nummer 1 bei de Pilote wéilt ginn. Bis elo ware Leclerc an de Spuenier Carlos Sainz jo zimmlech gläich behandelt ginn.

Den Andreas Seidl vu McLaren wiesselt iwwerdeem vu McLaren bei Alfa Romeo, dëst awer net als Teamchef, mä als CEO. Teamchef soll hei en anere ginn. Hei zirkuléiert den Numm vum Jost Capito.

An deem ganze Karussell spillt eisen Informatiounen no de Mike Krack awer keng Roll. De Lëtzebuerger, deen Teamchef bei Aston Martin ass, wéilt dat och bleiwen, fir dann d’nächst Saison mol mat engem Auto un den Depart ze goen, un deem hien och vun Ufank u mat dru geschafft huet. Dëst Joer ass de Krack jo eréischt am Mäerz bei Aston Martin komm an dee Moment war den Auto fir d’Saison schonn esou gutt wéi fäerdeg.