D'Presentatioun vum neien Auto vun der Ecurie vum Teamchef Franz Tost war am Kader vun der Fashion Week zu New York.

Genee dräi Woche virum éischte Grand Prix vun der neier Formel-1-Saison huet d'Scuderia Alpha Tauri e Samschdeg den Owend zu New York kuerz viru Mëtternuecht europäesch Zäit den Design vun hirem neien Auto presentéiert.

Den AT04 ass nach ëmmer dominant blo a wäiss. Vun dëser Saison un ass awer och rout um Auto vun de Pilote Yuki Tsunoda an Nyck de Vries, dat duerch e neie Sponsor vun der Ausbildungs-Ecurie vu Red Bull.

Dat Rout fënnt ee virun allem um Heckfliléck an um Halo, dem Bigel um Cockpit, deen de Kapp vum Pilot soll schützen.

Och dës Saison iwwerdréit RTL Lëtzebuerg nees d'Kinnkesklass vum Automobilsport live op der Tëlee op RTL ZWEE an online op RTL.lu an op RTL Play.